Op den Inhalt sprangen

Aiderbichlerfrënn Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Aiderbichlerfrënn Lëtzebuerg
Rechtsform Association sans but lucratif
Sëtz Lëtzebuerg
  58, Rue Laurent Menager
RCS F8074

Aiderbichlerfrënn Lëtzebuerg ass den Numm vun enger lëtzebuergescher ASBL, där hiert Zil et ass, d'Gut Aiderbichl, e Gnodenhaff an Éisträich, dee mësshandelt Déieren aus ganz Europa ophëlt, finanziell z'ënnerstëtzen.

De Veräin ass aus enger Grupp vu véier Frënn eraus entstanen, déi schonn zanter 2006 fir d'Gut Aiderbichl gebastelt hunn. Am Joer 2008 krute se d'Méiglechkeet, de 26. Dezember an der Sendung Chrëschtbazar mam Patrick Greis op RTL Radio Lëtzebuerg eng Reklamm fir hir Bastelsachen ze maachen. Den 19. September 2009 gouf de Veräin offiziell als ASBL an der Jugendherberg vun der Stad Lëtzebuerg am Pafendall gegrënnt, an den 22. September am Handelsregëster als Aiderbichlerfrenn Letzebuerg[1] agedroen.

Mat Info- a Verkafsstänn, Concerten, etc. probéiert de Veräin, op sech opmierksam ze maachen, Informatiounen iwwer d'Gut Aiderbichl ze liwweren an duerch de Verkaf vu Saachen, déi d'Membere bastelen oder der A.s.b.l. schenken, Suen ze sammelen.

Aiderbichlerfrënn Lëtzebuerg a.s.b.l.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Mémorial vum 6. Oktober 2009 mat de Statuten