Aktaion

Vu Wikipedia
Den Aktaion iwwerrascht d'Artemis (réimesch:Diana) beim Bued (Tizian, 1556-1559)

Den Aktaion (och: Actaeon) ass an der griichescher Mythologie de Jong vum Aristaios an der Autonoe. Hien ass vum Kentaur Cheiron opgezillt ginn, deen e besonnesch an der Juegd ënnerriicht.

Enges Daags huet hien op der Juegd an engem Dall bei Plataeae d'Gëttin Artemis gesinn déi zesumme mat hiren Nymphen an enger Quell gebuet huet. Hien ass entdeckt gi wéi e si observéiert huet a vun der Gëttin mat Waasser aus der Quell besprëtzt ginn, wouduerch hien an en Hirsch verwandelt gouf, deen du vu sengen eegenen Hënn gejot a schliisslech um Bierg Kithairon zerrass ginn ass. D'Hënn hunn hiren Här am ganze Land gesicht an hu sech eréischt berouegt nodeem se am Cheiron senger Hiel e Bild vun him gesinn hunn.

Den Aktaion dogéint huet als Gespenst d'Ëmgéigend vun där Plaz wou hie gestuerwen ass, besonnesch d'Stad Orchomenos, onsécher gemaach. Eréischt nodeem d'Awunner sech Rot bei engem Orakel geholl hunn, si se no de Reschter vum Aktaion siche gaangen, hu se bäigesat an eng Statu vun him op säi Graf gesat. Duerno huet dem Aktaion seng Séil Rou fonnt.

Enger anerer Versioun no ass den Aktaion verwandelt gi well en duerch säin Erfolleg an der Juegd iwwermiddeg ginn ass a vum Altor vun der Gëttin Artemis Fleesch, wat hir geaffert gi war, ewechgeholl huet fir et sengen Hënn ze ginn.

A Böotien, där Landschaft an der de Mythos vum Aktaion spillt, ass hien als Schutzgottheet géint ze staark Hëtzt veréiert ginn a sou warscheinlech och zum Sënnbild gi fir déi duerch ze staark Sonnestralung verbrannten Natur.

Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Aktaion – Biller, Videoen oder Audiodateien