Op den Inhalt sprangen

Al-Marrakushi

Vu Wikipedia
Al-Marrakushi
Gebuertsnumm ابن البناء المراكشي, أحمد بن محمد بن عثمان
Gebuer 29. Dezember 1256 jul.
Marrakesch
Gestuerwen 31. Juli 1321 jul.
Marrakesch
Aktivitéit Mathematiker, Astronom, Astrolog, Schrëftsteller

Den Ibn al-Banna' al-Marrakuschi, gebuer am Dezember 1256 zu Marrakesch, a gestuerwen den 31. Juli 1321[1], war e marokkanesche Mathematiker an Astronom.

Hie war de Jong vun engem Architekt. Seng mathematesch a geometresch Kenntnesser huet hien duerch d'Iwwersetzung vum Euklid senger Elemente an d'Arabesch Sprooch geléiert.

Hien huet 51 bis 74 Aarbechten an Artikelen zu Algebra, Astronomie, Linguistik, Rhetorik a Logik geschriwwen.

Him zu Éiere gouf 1976 e Moundkrater Al-Marrakushi genannt.[2]

  • Tanbih al-Albab
  • Raf al-Hidschab

Portal Astronomie

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Ausführliche Quelle
  2. Al-Marrakushi