Albertine Biermann

Vu Wikipedia
Albertine Biermann
Gebuer 6. Juni 1921
Lampertsbierg
Gestuerwen 3. Abrëll 2019
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Lycéesprofesser, Botaniker
Member vun Société des naturalistes luxembourgeois

D'Albertine (Tiny) Biermann, gebuer de 6. Juni 1921 an der Stad Lëtzebuerg an do gestuerwen den 3. Abrëll 2019[1], war eng lëtzebuergesch Lycéesprofessorin a Botanikerin.

D'Albertine Biermann huet am Oktober 1950 den Doktorat an den Naturwëssenschaften zu Lëtzebuerg gemaach. Dono huet si hire Stage am Meedercheslycée an der Stad ugefaangen, wou si am Oktober 1954 hir Nominatioun als Professer krut. Si huet och an der Normalschoul enseignéiert. Vun 1960 u bis zu hirer Pensioun am Jor 1986 huet si an der Europaschoul vu Bréissel (Uccle) geschafft.

D'Albertine Biermann ass 1946 Member vun der Société des naturalistes luxembourgeois ginn. Si ass 1966 an d'Société royale de botanique de Belgique opgeholl ginn.

Si ass bekannt fir hir phytosoziologesch Etude iwwer d'Vegetatioun vun de Bëscher vun der Ënnersauer, eng vun den éischten Aarbechten an deem Genre zu Lëtzebuerg.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 6. Abrëll 2019, S. 107.