Allee um Quatre-Vents

Vu Wikipedia
D'Allee erof op de Rond-point um Quatre-Vents gekuckt (Oktober 2011).
Am Abrëll 2008.

D'Allee um Quatre-Vents ass deen Deel vun der Nationalstrosss N12, dee sech vum Katrewang bei Kielen iwwer ronn 500 Meter erop a Richtung Koplescht zitt.

Déi 117 Beem, haaptsächlech Platanen, gemëscht mat Ahornen an Eschen, gehéiere wéinst hirem impressionnanten Ubléck zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg.

Ëm 2000 gouf fir den déckste Bam vun der Allee en Ëmfank, op Broschthéicht, vun 2,95 m bei enger Gréisst vu 26 m gemooss.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 220-221, Text a Foto).
  • Administration des eaux et forêts, 1981. Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul, 167 S. (Cf. S. 145: Text; S. 147: Foto).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Biller[änneren | Quelltext änneren]