Alphonse Eichhorn (Politiker)
![]() |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Politiker Alphonse Eichhorn. Fir aner Leit mam Numm Alphonse Eichhorn, kuckt wgl. Alphonse Eichhorn. |
Alphonse Eichhorn | |
---|---|
Gebuer |
8. Oktober 1850 Wuermer |
Gestuerwen |
21. Mäerz 1927 Miersch |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Notaire |
Partei | Rietspartei |
![]() |
De Jean Alphonse Eichhorn, gebuer den 8. Oktober 1850 zu Wuermer[1] a gestuerwen den 21. Mäerz 1927 zu Miersch, war e lëtzebuergeschen Notaire a Politiker.[2]
Den Alphonse Eichhorn war vun 1891 bis 1926 Notaire zu Miersch.[3]
Hee gouf bei de Chamberwale vum 26. Oktober 1919 als Deputéierte vum Bezierk Zentrum fir d'Rietspartei an d'Chamber gewielt a bei de partielle Chamberwale vum 28. Mee 1922 erëmgewielt.
Gielercher[änneren | Quelltext änneren]
- Officier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1920)[4]
- Commandeur vum Ordre de Mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau[2]
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ De Jean Alphionse Eichhorn op der Websäit www.deltgen.com
- ↑ 2,0 2,1 Doudesannonce vum Alphonse Eichhorn am Luxemburger Wort vum 23. Mäerz 1927 Gearchiveerd op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2014-11-17.
- ↑ Lëscht vun den Notairen zu Lëtzebuerg op www.rootsweb.ancestry.com
- ↑ Memorial A N° 8 vun 1920 mat der Lëscht vun de Leit déi 1920 mam Ordre de la couronne de chêne ausgezeechent goufen Gearchiveerd op 2016-03-03. Gekuckt de(n) 2014-11-17.