Op den Inhalt sprangen

Alphonse Louis Nicolas Borrelly

Vu Wikipedia
Alphonse Louis Nicolas Borrelly
Gebuertsnumm Louis Alphonse Nicolas Bourrelly
Gebuer 8. Dezember 1842
Roquemaure
Gestuerwen 28. Februar 1926
Frankräich
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Astronom
Auszeechnungen Jules-Janssen-Präis, Lalande-Präis, Chevalier vun der Légion d'honneur‎
18 Asteroiden déi de Borelly entdeckt huet
(99) Dike28. Mee 1868
(110) Lydia19. Abrëll 1870
(117) Lomia12. September 1871
(120) Lachesis10. Abrëll 1872
(146) Lucina8. Juni 1875
(157) Dejanira1. Dezember 1875
(171) Ophelia13. Januar 1877
(172) Baucis5. Februar 1877
(173) Ino1. August 1877
(198) Ampella13. Juni 1879
(233) Asterope11. Mee 1883
(240) Vanadis27. August 1884
(246) Asporina6. Mäerz 1885
(268) Adorea8. Juni 1887
(308) Polyxo31. Mäerz 1891
(322) Phaeo27. November 1891
(369) Aëria4. Juli 1893
(394) Arduina19. November 1894

Den Alphonse Louis Nicolas Borrelly, gebuer de 6. Dezember 1842 zu Roquemaure, bei Nîmes; a gestuerwen den 28. Februar 1926, war e franséischen Astronom.

De Borrelly huet am Joer 1864 eng Assistenteplaz am Observatoire vu Marseille ugeholl. Bis 1919 huet hien hei als haaptberufflechen Astronom geschafft.

Mat dem 7,2-Zoll-Refrakter (Koméitesicher) vum Observatoire huet de Borrelly 20 Asteroiden, 18 Koméiten, a 6 Galaxien, déi an den NGC agedroe goufen, entdeckt.

Him zu Éiere krut den Asteroid (1539) Borrelly säin Numm.

  • Wilhelm Brüggenthies, Wolfgang R. Dick: Biographischer Index der Astronomie. Verlag Harri Deutsch, Frankfurt a. M. 2005, ISBN 3-8171-1769-8.

Portal Astronomie