Alstad-Plaz (Prag)

Vu Wikipedia
D'Alstad-Plaz mat Vue op d'Teynkierch.

D'Altstad-Plaz (Tschechesch: Staroměstské náměstí oder kuerz Staromák, op däitsch Altstädter Ring) ass déi zentral Maartplaz vun der Prager Alstad. Se ass iwwer 9000 m² grouss.

Ronderëm dës Maartplaz stinn dat historescht Stadhaus, d'Teynkierch, d'Hussitekierch Hellege Niklos, de Kinský-Palais, d'Haus "Bei der Stengener Klack" an aner kuckeswäert Gebaier aus der Renaissance-, Barock- a Rokokozäit, déi op romaneschen a gotesche Grondmauere stinn. Matzen op der Plaz steet e Monument fir de Jan Hus.

Panorama

Aalt Stadhaus mat der astronomescher Auer[änneren | Quelltext änneren]

Um Südosteck vun der Plaz steet dat Aalt Stadhaus mat engem 70 Meter héijen Tuerm. An dësem Tuerm ass eng astronomesch Auer, déi sougenannt Orloj, bei där all Stonn beweegt Statuen ze kucke sinn. Kuckeswäert ass och eng gotesch Erkerkapell, déi vun 1360 u gebaut gouf. En neogoteschen Ubau gouf am Zweete Weltkrich zerstéiert; e gouf als Monument a Ruineform stoegelooss, an an d'Plaz gouf e klenge Park ugeluecht, mat engem Memorial fir déi Gefale vum Prager Opstand.

Teynkierch[änneren | Quelltext änneren]

D'Teynkierch (Týnský chrám), och "Kierch vun der Helleger Maria virum Teyn" (Kostel Panny Marie před Týnem), ass en dräischëffegt, gotescht Gebai, mat deem sengem Bau 1365 ugefaange gouf. Déi zwéi markant Kierchtierm, Adam an Eva genannt, goufen eréischt an der zweeter Hallschecht vum 15. an am Ufank vum 16. Joerhonnert fäerdeggebaut.

Ungelt[änneren | Quelltext änneren]

Nieft der Teynkierch gouf et schonn zanter dem 11. Joerhonnert en agzonkten (otýněný oder kuerz týn) Haff, wou Handel bedriwwe gouf, a Wuere gelagert goufen. Dobäi gouf et en Hospiz mat engeem Virleefergebai vun der Teynkierch. Vum 14. bis an d'Mëtt vum 16. Joerhonnert gouf do Octroi opgehuewen, an den Haff krut den Numm "Ungelt".

De (Golz)-Kinský-Palais[änneren | Quelltext änneren]

Dëse Rokoko-Palais gouf vum Kilian Ignaz Dientzenhofer geplangt a 1755–1765 vum Anselmo Lurago opgeriicht. Haut ass do déi grafesch Sammlung vun der Nationalgalerie dran. Am Februar 1948 huet de President Klement Gottwald do vum Balkon aus D'Iwwernnam vum Land duerch d'Kommuniste proklaméiert.

d'Haus "Stenge Klack"[änneren | Quelltext änneren]

D'Haus "Bei der Stengener Klack" (U kamenného zvonu), riets nieft dem Palais Kinsky, gouf am Ufank vum 14. Joerhonnert gebaut, a warscheinlech als Stadpalais vum Jang de Blannen dono opgestackt an ausgebaut. D'Gebai gouf am 17. Joerhonnert dem barocke Goût vun der Zäit ugepasst, wat awer an den 1970er/1980er Joren nees ewechgemaach gouf. Am Keller ass e Lapidarium an eng kleng Ausstellung iwwer d'Geschicht vum Haus.

Niklos-Kierch[änneren | Quelltext änneren]

D'Nikloskierch gouf tëscht 1732 bis 1735 opgeriicht an dingt zanter 1920 der Tschechescher Hussitescher Kierch fir hir Massen ofzehalen..

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Old Town Square (Prague) – Biller, Videoen oder Audiodateien