Op den Inhalt sprangen

An Amerika

Vu Wikipedia

An Amerika ass e Lidd, deem säin Text vum Michel Lentz kënnt. Säi Jong Edmond Lentz huet d'Melodie geschriwwen[1],[2]. D'Lidd gëtt och alt no senger éischter Zeil, Vu mengem Dueref goung ech hier genannt.

Déi eelst ëffentlech Opféierung war den 19. November 1881 am Restaurant Faber[3] ënner Begleedung vum Orchestre du Corps des Chasseurs zu Lëtzebuerg[4].

Et gëtt op d'mannst 14 verschidden Opname vun dësem Lidd, ënner anerem vum Marcel Jander (1959), vum Carradine (2010) a vum Serge Tonnar a Georges Urwald (2020)[5].

Am Lidd geet et ëm d'Auswanderung no Nordamerika, déi vill Lëtzebuerger am 19. Joerhonnert betraff huet[6].

An Amerika (Vu mengem Dueref goung ech hier)

1. Vers:
Vu mengem Dueref goug ech hier,
dat frësch am Grénge lait.
Dohannen iww'rem grousse Mier
'sou wait vu mir, 'sou wait.
Do steet en aremt klinzegt Haus, eng Bänk virun der Dier.
Do breet eng Lann hir Blieder aus, mécht kille Schiet dervir.

Refr.:
Wéi hunn ech d'Hierz 'sou wéi,
gëtt mir main Daach vu Stréi,
a mengem Duerf erëm,
ech ginn iech alles drëm.
Wéi hunn ech d'Hierz 'sou wéi,
gëtt mir main Daach vu Stréi,
a mengem Duerf erëm,
ech ginn iech alles drëm.

2. Vers:
Vu menger Mamm fort goung ech hier,
dee gudden Engel do.
Mat hierem Hierz geet iwwert d'Mier
si iwwerall mir no.
Op onser Bänk virun der Dier hu mir 'sou oft gesiess.
A koun ons d'Liewen daischter vir, mir hunn et do vergiess.

3. Vers:
Vu mengem Meedche goung ech hier,
wat soll d'léift Kand wuel ma'n?
't fléit a Gedanken iwwert d'Mier
a kuckt an d'Welt eran.
Op onser Bänk virun der Dier, gouf d'Zait ons keemol laang.
D'Lann ganz eleng, déi weess wuerfir mir duer sinn dreeme gang.

4. Vers:
Vun hinnen zwee fort goung ech hier,
hunn néie rens keng Rou.
An zënter zwëschen ons dat Mier,
ginn ech och net méi frouu.
Kënnt op der Bänk virun der Dier, ech sëtzen eng Minutt bei hinnen zwee, da wär et mir op dëser Welt 'rëm gutt

  • „An Amerika“ vu Carradine op YouTube
  • „An Amerika“ mam Serge Tonnar a George Urwald op YouTube

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. https://musique.uni.lu/wp-content/uploads/sites/19/2019/03/LENTZ-Edmond-Pierre-Mathias.pdf
  2. Fiche Michel Lentz op autorenlexikon.lu (nogekuckt: 27.08.2024).
  3. De Restaurant Faber war e Restaurant am fréiere Gebai vum Cercle.
  4. https://viewer.eluxemburgensia.lu/ark:70795/38psqh/pages/3/articles/DTL128?search=Amerika
  5. Fiche op cover.info (nogekuckt: 27.08.2024).
  6. https://www.autorenlexikon.lu/page/author/334/3345/DEU/index.html