André Schmit (Enseignant)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat Enseignant André Schmit. Fir aner Leit mat deem selwechten Numm, kuckt wgl. André Schmit.
André Schmit
Gebuer 1. Juni 1935
Gestuerwen 2. November 2016
Nationalitéit Lëtzebuerg

Den André Schmit, gebuer den 1. Juni 1935 a gestuerwen den 2. November 2016 zu Veianen, war e lëtzebuergeschen Enseignant.[1]

Den André Schmit huet seng Karriär als Schoulmeeschter ugefaangen (Promotioun 1954 vun der Normalschoul), spéider gouf hie Professer am Collège d'enseignement moyen et professionnel (CEMPE) zu Ettelbréck, dono Professer an der Europäescher Schoul zu Bergen a schliisslech Directeur adjoint am Lycée technique vun Ettelbréck.[1]

D'Randonnée Jempy Schmitz, déi zënter 1993[2] zu Éiere vum Jempy Schmitz gefuer gëtt, ass vum André Schmit an d'Liewe geruff ginn.[1]

Noruff[änneren | Quelltext änneren]

  • Lex Roth: Äddi, léif Komeroden, Kollegen a Frënn! Luxemburger Wort 2016-11-11, S. 55 (betrëfft: André Schmit, Roger Muller, Jos Scheer).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Luxemburger Wort 2016-11-05, S. 69 (Avis mortuaires).
  2. Participation Randonnée Jempy Schmitz