Andrea Costa-Delvaux
Andrea Costa-Delvaux | |
---|---|
Gebuertsnumm | Andrea Da Silva Costa |
Gebuer |
30. Oktober 1977 Guimarães |
Gestuerwen | 1. Dezember 2012 |
Aktivitéit | Politiker |
D'Andrea Costa-Delvaux, gebuer als Andreia Da Silva Costa den 30. Oktober 1977 zu Guimaraes, a gestuerwen den 1. Dezember 2012, war eng lëtzebuergesch Politikerin an Aktivistin.
Si ass als klengt Kand mat hirer Famill aus dem Portugal op Veiane geplënnert, wou s'opgewuess ass.[1]
Si hat eng degenerativ geneetesch Erkrankung vum Nervesystem. Vu Beruff war si Comptabel an huet bei der Fondation Kräizbierg geschafft.
Politesch huet si sech bei déi Lénk engagéiert. Si war och Grënnungsmember vun der Organisatioun Nëmme mat eis, déi sech fir d'Rechter vu Leit mat enger Behënnerng asetzt, a Grënnungsmember vun der Sektioun fir handicapéiert Employéen (DTH) vum OGBL. Mat hirem Mann Joel Delvaux huet si sech fir d'sexuell Rechter vu Leit mat enger Behënnerung agesat, ë.a. duerch hir Participatioun am Film Sweetheart Come.
D'Andrea Costa-Delvaux ass mat 34 Joer am Dezember 2012 gestuerwen.
Fir u si z'erënnere gouf an der Stad Lëtzebuerg am Quartier Kierchbierg eng Strooss no hir genannt.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Quell vum Artikel, wou net anescht uginn: "Rue Andrea Costa-Delvaux, Luxemburg." rues-au-feminin.lu (nogekuckt: 29.08.2024).