Op den Inhalt sprangen

Andrej Babiš

Vu Wikipedia
Andrej Babiš
Gebuer 2. September 1954
Bratislava
Alter 71 Joer
Nationalitéit Slowakei, Tschechesch Republik
Aktivitéit Geschäftsmann, Politiker, Ekonomist, Entreprener, Regierungschef, Grënner, Ingenieur, Minister
Partei Komunistická strana Československa
Fonctioun Finanzminister vun der Tschechescher Republik, Premierminister vun der Tschechescher Republik
Auszeechnungen Boulder-Präis
Famill
Bestuet mat Monika Babišová (29.7.2017–),
Beata Adamovičová (–1990)
Papp Štefan Babiš

Den Andrej Babiš, gebuer den 2. September 1954 zu Bratislava, ass e slowakesch-tschechesche Geschäftsmann, Proprietär vun der Holdinggesellschaft Agrofert (der 4.-gréisster Entrepise vun Tschechien), a Politiker. Hie ass zanter dem 9. Dezember 2025 fir d'zweet Ministerpresident vun Tschechien.

Mat engem Verméige vu geschate 4 bis 5 Mrd. Euro ass hien deen zweeträichste Bierger am Land. Hien huet d'Partei ANO 2011 gegrënnt, där hire President en ass ("ANO" heescht "jo", ma ass och en Akronym fir "Aktioun vun onzefriddene Bierger").

Den 29. Januar 2014 gouf hie Vizepremier a Finanzminister an der tschechescher Regierung vum Bohuslav Sobotka; de 24. Mee 2017 gouf hie wéinst Steierbedruch an dem Beaflossue vu Medien ausgetosch. Bei de Parlamentswale vum 20./21. Oktober 2017 gouf seng Partei ANO 2011 mat 29,64 % vun de Stëmmen déi stäerkst Partei am Parlament, an hie den 13. Dezember zum Ministerpresident ernannt. De 17. Dezember 2021 gouf hie vum Petr Fiala ofgeléist.

Bei de Parlamentswale vum 3./4. Oktober 2025 gouf hien op en neits gewielt; hien ass säin Amt den 9. Dezember 2025 ugetrueden.

  • Jakub Patočka: »Unternehmerpopulismus«: Der Aufstieg des Andrej Babiš in Tschechien. In: Ernst Hillebrand (Hrsg.): Rechtspopulismus in Europa: Gefahr für die Demokratie? Dietz, Bonn 2015, ISBN 978-3-8012-0467-9, S. 88 ff.
 Commons: Andrej Babiš – Biller, Videoen oder Audiodateien