Op den Inhalt sprangen

Petr Fiala

Vu Wikipedia
Petr Fiala
Gebuer 1. September 1964
Brno
Alter 61 Joer
Nationalitéit Tschechesch Republik
Educatioun Karls-Universitéit
Aktivitéit Politolog, Politiker, Pedagog, Historiker, Redakter, Universitéitsprofesser
Partei ODS
Fonctioun Direkter, President vum Verwaltungsrot, Premierminister vun der Tschechescher Republik
Auszeechnungen Grousskräiz vum Pius-Uerden
Famill
Bestuet mat Jana Fialová
Kanner Klára Chládková
Websäit https://pfiala.cz/

De Petr Fiala, gebuer den 1. September 1964 zu Brno, ass en tschechesche Politikwëssenschaftler, Historiker a Politiker. Hie war vum 28. November 2021 bis den 9. Dezember 2025 Ministerpresident vun der Tschechescher Republik.

Hie war Professer fir Politikwëssenschaft op, a vun 2004 bis 2011 Rekter vun der Masaryk-Universitéit zu Brno. Vun 2012 bis 2013 war hien tschecheschen Edukatiounsminister. Hien ass zanter Januar 2014 Parteipresident vun der liberal-konservativer Občanská demokratická strana (ODS).

Bei de Parlamentswalen 2021 war hie Spëtzekandidat vun der oppositioneller Walkoalitioun SPOLU, déi sech aus de Parteien ODS, KDU–ČSL an TOP 09 zesummegesat huet, an déi der Regierung vum Premier Andrej Babiš en Enn maache wollten, deem seng Vermëschung vu privaten an ëffentlechen Intressen a säi Management vun der COVID-19-Pandemie se kritiséiert hunn.

D'SPOLU huet knapps virum Babiš senger ANO gewonnen, a mat der Tschechescher Piratepartei a STAN den 11. November e Koalitousvertrag ënnerschriwwen. Den 28. November 2021 gouf de Petr Fiala vum Staatspresident Miloš Zeman zum Ministerpresident ernannt. De 17. Dezember 2021 gouf seng Regierung vereedegt. Bei de Parlamentswalen huet hie géint den Andrej Babiš verluer. Den 9. Dezember gouf hie vum Andrej Babiš ofgeléist.

 Commons: Petr Fiala – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]