Petr Nečas

Vu Wikipedia
Petr Nečas
Gebuer 19. November 1964
Uherské Hradiště
Nationalitéit Tschechesch Republik
Educatioun Masaryk-Universitéit
Aktivitéit Politiker, Physiker
Partei ODS
Famill
Bestuet mat Radka Nečasová, Jana Nečasová

De Petr Nečas, gebuer den 19. Dezember 1964 zu Uherské Hradiště, ass en tschechesche Politiker vun der konservativer Partei ODS. Hie war vum 28. Juni 2010 bis de 16. Juni 2013, wéi en zeréckgetrueden ass, Ministerpresident vun der Tschechescher Republik.

De Petr Nečas huet op der Masaryk-Universitéit zu Brno Physik studéiert. 1992 gouf hien eng éischt Kéier als Deputéierten an d'tschechescht Parlament gewielt. 1995/96 war hien delegéierte Verdeedegungsminister. 1999 gouf e Vizepresident vun der ODS.

Vun 2006 bis zum Fall vun der Regierung am Mäerz 2009 war den Nečas Minister fir Aarbecht a Soziales ënner dem Premier Mirek Topolánek. Enn Mäerz 2010 gouf e vu senger Partei als Spëtzekandidat fir d'Parlamentswalen am Mee designéiert. Am Juni 2010 gouf en och zum President vun der ODS gewielt.

D'ODS huet bei de Walen am Mee 2010 méi schlecht wéi virdrun ofgeschnidden, konnt awer mat zwou méi klenge Parteien, TOP 09 a Věci veřejné, eng Mëtt-Riets-Koalitioun grënnen, déi den 13. Juli 2010, mam Nečas als Ministerpresident, vum Staatspresident Vaclav Klaus vereedegt gouf.[1]

Am Abrëlll 2012 hat sech d'Věci veřejné an zwee gespléckt, soudatt d'Koalitioun keng Majoritéit méi hat.[2] Mat engem Deel vun de fréiere VV-Memberen an der TOP 09 konnt hien awer eng weider Koalitioun op d'Been stellen, déi vum Parlament d'Vertraue krut.

De 16. Juni 2013 huet den Nečas säi Récktrëtt ugekënnegt. Virausgoung d'Verhaftung vu senger Büroscheffin, déi hiert Amt mëssbraucht gehat soll hunn, a mat där en eng Relatioun huet.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Petr Nečas – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Idnes.cz, 13. Juli 2010
  2. Tschechien: Regierungskoalition in Prag bricht auseinander, Spiegel Online, 23. Abrëll 2012.