Op den Inhalt sprangen

Václav Klaus

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Vaclav Klaus)
Václav Klaus
Funktioun
2. President vun Tschechien
3. Mäerz 2003 - 3. Mäerz 2013
Virgänger Václav Havel
Nofollger Miloš Zeman
Partei ODS
Biographie
Gebuer 19. Juni 1941
Prag
Educatioun Wirtschaftsuniversitéit vu Prag,
Cornell University
Kanner Václav Klaus

De Václav Klaus, gebuer den 19. Juni 1941 zu Prag, ass en tschechesche Politiker an Ekonomist. Hie war vun 2003 bis 2013 Staatspresident vun Tschechien.

De Václav Klaus huet op der Wirtschaftsuniversitéit vu Prag (VŠE) Aussenhadels-Ekonomie studéiert. An den 1960er Joren huet hien och an Italien an den USA studéiert. Tëscht 1971 an 1986 huet hien op der Tschechoslowakescher Akademie vun de Wëssenschaften (ČSAV), der tschechoslowakescher Zentralbank (Státní banka československá) a beim Prognosteschen Institut vun der Akademie vun de Wëssenschaften (Prognostický ústav) geschafft. Hien huet och Virliesunge gehalen.

1989, bei der Samettener Revolutioun, stoung hien op der Säit vum Václav Havel a gouf am Oktober 1990 President vum Biergerforum (Občanské fórum (OF)). 1991 gouf dëst opgeléist, an de Klaus huet seng eege Partei, d'ODS gegrënnt an ausgebaut.

Am Dezember 1989 gouf de Klaus Finanzminister, a vum Oktober 1991 un och nach Vizepremierminister. Am Juli 1992 gouf e Premierminister vun Tschechien (dat bis 1993 nach Deel vun der Tschechoslowakei war) an 1996 a senger Funktioun confirméiert.

1997 huet e missen zerécktrieden, wéi d'Regierungskoalitioun wéinst enger Spendenaffär ausenanergebrach ass. Hie gouf duerno Parlamentspresident. 2002, nodeem d'ODS bei de Wale verluer huet, ass de Klaus als hire President zeréckgetrueden.

Am Februar 2003 gouf en zum President vun Tschechien gewielt an am Februar 2008 erëmgewielt. D'Verfassung gesäit maximal zwee konsekutiv Mandater vir.

De Václav Klaus ass bestuet an huet zwéi Jongen.

Commons: Václav Klaus – Biller, Videoen oder Audiodateien