Bohuslav Sobotka

Vu Wikipedia
Bohuslav Sobotka
Gebuer 23. Oktober 1971
Nationalitéit Tschechesch Republik
Aktivitéit Politiker, Ekonomist, Affekot
Partei ČSSD

De Bohuslav Sobotka, gebuer den 23. Oktober 1971 zu Telnice u Brna, ass en tschechesche Politiker. Hien ass President vun der tschechescher sozialdemokratescher Partei (ČSSD) a fréiere Ministerpresident (17. Januar 2014 bis 12. Dezember 2017).

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

Nom Lycée zu Bučovice huet hien 1990–1995 op der Masaryk-Universitéit zu Brno Droit studéiert. Hien ass zanter 1989 Member vun der ČSSD. 1996 gouf hien eng éischt Kéier an d'tschechescht Parlament gewielt, fir d'zweet war dat fir d'Legislaturperiod 1998–2002. Vu Mee 2001 bis Juli 2002 war e Fraktiounspresident vu senger Partei am Parlament. Am November 1998 gouf en an de Gemengerot vu Slavkov u Brna bei Brno gewielt. Vum 15. Juli 2002 bis de 4. August 2004 war hie Finanzminister an der Regierung vum Vladimír Špidla, duerno an där vum Stanislav Gross a vum Abrëll 2005 bis de September 2006un och an där vum Jiří Paroubek. Vum Oktober 2003 bis August 2004 war hien zousätzlech Vizepremier.

Den 1. Januar 2009 gouf de Sobotka nees Leader vun der ČSSD-Fraktioun. Den 18. Mäerz 2011 gouf en um Parteikongress zu Brno zum Parteipresident gewielt an de 15. Mäerz 2013 erëmgewielt.

Den 12. November 2013 gouf de Sobotka domat chargéiert, eng nei Regierung ze forméieren. Dës gouf den 29. Januar 2014 vereedegt. Den 23. Dezember 2017 gouf den Andrej Babiš säin Nofollger.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bohuslav Sobotka – Biller, Videoen oder Audiodateien