Anglizismus

Vu Wikipedia

Ënner Anglizismus versteet een e Wuert, eng Formuléierung oder eng Sazkonstruktioun, déi aus dem Engleschen an eng aner Sprooch, z. B. d'Lëtzebuergescht, iwwerholl ginn ass.

Formen[änneren | Quelltext änneren]

Ee Grond fir dësen Afloss ass den héije Prestige, deen d'Englescht genéisst. Englesch Wierder sinn dacks méi kuerz, prezis a klénge besser (cf. single/eleng, air conditioning/Klimaanlag...). Dës Neierungen ënnerleien dacks Konventionaliséierungsprozessen, dat heescht datt dës Begrëfflechkeete fir d'éischt vun de Spriecher akzeptéiert musse ginn, ier se zu enger Sprooch gehéieren. Virun allem an de Beräicher vu Computer, Sport, Kosmeetik, Internet, Telefonie a Musek dauche sou Begrëffer op.

Ënner Schäinanglizismen versteet ee Wierder, déi no Englesch kléngen, mä déi et awer sou net am Englesche gëtt. Beispiller dofir sinn "Handy", "Soft-ice" oder "Swimming pool" (steet am Englesche fir privat wéi ëffentlech Schwämmen).

Déi meescht Verben, déi iwwerholl ginn, ginn einfach wéi aner lëtzebuergesch Verbe konjugéiert. Dëse Phenomeen nënnt ee Barbariséierung. z. B. chill-en (vun "to chill"): ech chillen, du chills, hien huet gechillt, mir hate gechillt, asw.

Beispiller[änneren | Quelltext änneren]