Op den Inhalt sprangen

Antares (Rakéit)

Vu Wikipedia
Eng Antares-Rakéit

D'Antares-Rakéit (ufanks Taurus II) ass eng Drorakéit vu mëttlerer Capacitéit, déi vun Orbital Sciences Corporation, (zanter 2015 Orbital ATK), entwéckelt gouf. D'NASA hat am Kader vum COTS-Programm e Vertrag un Orbital fir den Transport vu Frachten op d'International Raumstatioun (ISS) verginn. Déi primär Notzlaascht vun der Antares ass de Raumtransporter Cygnus. Den éischte Start vun der Antares war den 21. Abrëll 2013. Den éischte Start mam Cygnus fir d'ISS war den 18. September 2013.

De Programm war 2007 ënner dem Numm Taurus II gestart ginn. D'Rakéit gouf awer am Dezember 2011 vum Fabrikant an Antares ëmgenannt,[1] well déi lescht béid Starte vun der Taurus XL feelgeschloe waren an e schlechten Image fir déi nei Rakéit iwwergaange sollt ginn. Se krut den Numm vum Antares, dem hellste Stär am Stärebild Skorpion. D'NASA huet 170 Milliounen Dollar an d'OSC weider 150 Milliounen an de Projet investéiert. Dovu goufen 130 Milliounen Dollar fir d'Drorakéit an 20 Millioune fir d'Frachtraumschëff Cygnus benotzt.

Den 10. Juni 2008 gouf bekannt, datt d'Wallops Flight Facility am Virginia, d'Haaptstartplaz fir d'Rakéit soll ginn. Eng nei Startramp gouf op der Plaz vun der ofgerappter Conestoga-Startramp LP-0A opgeriicht; den Numm vun der Ramp gouf bäibehalen.

Déi éischt Stuf mat de béiden AJ26-62-Dreifwierker op dem Transportwon

Déi éischt Stuf gëtt vun zwee russeschen Dreifwierker vum Typ Kusnezow NK-33 ugedriwwen. Et existéieren nach ronn 60 Dreifwierker; dovun ass d'Hallschent bei der Firma Aerojet, wou si d'Bezeechnung AJ26-62 kruten. Déi aner Dreifwierker sinn an enger Fabrick zu Samara. Den Duerchmiesser vun der éischter Stuf vun 3,90 m gouf identesch zu der Zenit-Rakéit gewielt, fir d'Tanken an d'Strukture mat de selwechte Fabrikatiounsmethoden hierstellen ze kënnen. Déi éischt Stuf gëtt d'selwecht wéi d'Zenit vu Juschnoje produzéiert an entwéckelt. OSC iwwerhëlt d'Integratioun an d'Receptiounstester. Déi éischt Stuf benotzt als Dreifstoffkombinatioun Kerosin a Flëssegsauerstoff.

Nom Feelstart vum 28. Oktober 2014 hat Orbital bekannt gemaach, datt mat Energomasch e Vertrag fir bis zu 60 russesch Dreifwierker vum Typ RD-181 ënnerschriwwe gouf. Den RD-181 huet mam RD-180 vun der Atlas V näischt ze dinn, obwuel d'Bezeechnunge sech gläichen. Den RD-181 besteet aus zwou RD-193, déi och nees vum RD-191 ofgeleet sinn, déi déi russesch Rakéit Angara undreift. Mat 1824 kN Schub op Miereshéicht huet et däitlech méi Schub wéi d'NK-33 an erlaabt sou eng Notzlaaschterhéijung. Aleng wéinst dem méi héije Schub falen d'Gravitatiounsverloschter, an d'Notzlaascht klëmmt ëm bis zu 1000 kg.

Déi zweet Stuf ass e Castor-30-Dreifwierk. Et benotzt Festdreifstoff. Dräi Variante vum Castor-30-Motor kommen zum Asaz:

  • Castor-30A bei der Antares-110 (2 Testflich)
  • Castor-30B bei de Versiounen Antares-120, -121 an -122
  • Castor-30XL bei de Versiounen Antares-130, -131 an -132

Eng aner zweet Stuf gouf vun Orbital Sciences als Ersatz fir de Castor-30-Booster ënnersicht, fir méi schwéier Notzlaaschten transportéieren ze kënnen. Déi Stuf sollt vun engem PWR35M-Dreifwierk vun Pratt & Whitney ugedriwwe ginn, dat d'Dreifstoffmëschung Flëssegmethan a Flëssegsauerstoff benotzt. Si kéint Notzlaaschte vu bis zu 7.600 kg an eng niddreg Äerdëmlafbunn bréngen. Déi Pläng schéngen awer net méi aktuell ze sinn.

Déi drëtt Stufen

[änneren | Quelltext änneren]

Et stinn zwou optional Drëttstufen zur Disposition. Déi éischt heescht "Bi-Propellant Third Stage" (BTS), si benotzt eng hypergolesch Mëschung aus Hydrazin an dem Oxidator Stéckstofftetroxid, déi duerch Helium drockgefërdert gëtt. Si gëtt vun Orbital entwéckelt an ass en Derivat vu fréieren Entwécklungen. D'Hardware gëtt vum OSC-Star-2-Bus ofgeleet, aner Elementer komme vun der DART-Missioun. Déi zweet ass e Star-48BV-Feststoffrakéitemotor mat Schubvektorsteierung, fir Notzlaaschten op méi héich Vitessen ze bréngen. D'Antares 110, -120 an -130 hu keng drëtt Stuf. Wärend Antares-121 an -131 BTS als drëtt Stuf benotzen, kënnt bei Antares-122 an -132 de Feststoffmotor Star-48BV als drëtt Stuf zum Asaz.

Notzlaaschtverkleedung

[änneren | Quelltext änneren]
Éischte Fluch vun der Antares-110-Rakéit
Video vum Start an Explosioun vun der Antares-130-Rakéit den 28. Oktober 2014.

Fir Starte mat Satellitten a Raumsonde steet fir d'Antares eng Notzlaaschtverkleedung zur Dispositioun. D'Notzlaaschtverkleedung ass 9,9 m laang an huet, wéi déi ganz Rakéit, 3,9 m Duerchmiesser. Hir Spëtzt ass en ofgerënnten Duebelkegel, mä déi 2. Stuf kuckt a si eran, sou datt vun dëser bis zu der Spëtzt vun der Notzlaaschtverkleedung d'Längt nëmme 7,52 m grouss ass, wouvu s'op 3,9 m Längt de volle bannenzegen Duerchmiesser vun 3,45 m bitt. Doriwwer hëlt den Duerchmiesser vun der Notzlaaschtverkleedung als Duebelkegel of.

D'Antares-Rakéit ka jee no Asaz modular aus verschiddene Komponenten zesummegestallt ginn. Aus der jeeweileger Konfiguratioun ergëtt sech déi dräistelleg Versiounsnummer:

  • Déi éischt Ziffer: bezeechent déi éischt Stuf.
    • 1 = 2 × NK-33
    • 2 = 2 × RD-181
  • Déi zweet Ziffer: bezeechent den Typ vun der zweeter Stuf:
  • Déi drëtt Ziffer: bezeechent den Typ vun der drëtter Stuf:
    • 0 = keng drëtt Stuf
    • 1 = BTS (Bi-Propellant Third Stage)
    • 2 = Star-48BV

Den éischte Start vun der Antares war ufanks fir Mäerz 2011 virgesinn, war awer eréischt den 21. Abrëll 2013 erfollegt. No dësem Demonstratiounsstart war d'Antares den 18. September 2013 mat Cygnus 1 an de Weltraum gestart. Bei den éischte béide Flich koum d'Erprouwungsvariant Antares-110 zum Asaz. Fir déi nächst zwou Cygnus-Missioune gouf d'Antares-120 benotzt, déi dono vun der méi leeschtungsstaarker Antares-130 ofgeléist gouf.

Nom Feelschlag vun Orb-3 vum Oktober 2014 goufen zwéi Flich vum Cygnus-Raumschëff op d'Atlas V-Rakéit vum United Launch Alliance gebucht. Mat der verbesserter a mat neien Dreifwierker ekipéierter Versioun Antares-230 goung et mat eegene Flich nees weider.

Déi vollstänneg Startlëscht vun der Antares-Rakéit. Lëschtestand: 23. Mee 2018

Lauf. Nr.w Datum (UTC) Typ Ser.-Nr. Startplaz Notzlaascht Aart vun Notzlaascht Notzlaascht(brutto¹) Orbit² Bemierkungen
1 21. Abrëll 2013
21:00
Antares-110 ? WFF Pad 0A Cygnus-Attrapp, Dove-1, PhoneSat v1a, PhoneSat v1b, PhoneSat v2 Attrapp, Technologietest LEO Erfolleg
2 18. September 2013
14:58
Antares-110 ? WFF Pad 0A Cygnus Orb-D1 Raumfrachter 2200 kg LEO Erfolleg
3 9. Januar 2014
18:07
Antares-120 ? WFF Pad 0A Cygnus Orb-1 (CRS1) Raumfrachter 1261 kg LEO Erfolleg
4 13. Juli 2014
16:52
Antares-120 ? WFF Pad 0A Cygnus Orb-2 (CRS2) Raumfrachter 1664 kg LEO Erfolleg
5 28. Oktober 2014
22:22
Antares-130 5 WFF Pad 0A Cygnus Orb-3 (CRS3) Raumfrachter 2293 kg LEO Feelschlag
D'Rakéit gouf 15 Sekonnen nom Start zur Explosioun bruecht, nodeem si aus nach ongekläerte Grënnn de Virdriff verluer hat. Blesséiert gouf keen.[2]
6 17. Oktober 2016
23:45
Antares-230 ? WFF Pad 0A Cygnus OA-5 (CRS5) Raumfrachter 6163 kg LEO Erfolleg
7 12. November 2017
12:19
Antares-230 ? WFF Pad 0A Cygnus OA-8 (CRS8) Raumfrachter LEO Erfolleg
8 21. Mee 2018
08:44
Antares-230 ? WFF Pad 0A Cygnus OA-9 (CRS9) Raumfrachter LEO Erfolleg

Geplangt Starten

[änneren | Quelltext änneren]

Lëschtestand: 21. September 2018

Laf. Nr. Datum (UTC) Typ Ser.-Nr. Startplaz Notzlaascht Aart vun der Notzlaascht Notzlaascht a kg (brutto¹) Orbit² Bemierkungen
9 15. November 2018 Antares-230 ? WFF Pad 0A Cygnus NG-10 Raumfrachter fir d'ISS LEO Geplangt

¹ Bruttogewiicht = (Satellitten + Adapter, Gehais asw.)

² Net zwangsleefeg den Zilorbit vun der Notzlaascht, mä d'Bunn, op där d'Notzlaascht vun der Uewerstuf ausgesat soll ginn.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Orbital: Orbital Selects „Antares“ as Permanent Name for New Rocket Created by the Taurus II R&D Program − Company Brands Medium-Class Launch Vehicle in Preparation for First Flight in 2012
  2. (en) ISS Commercial Resupply Services Mission (Orb-3) orbital.com, gekuckt den 31. Oktober 2014
Commons: Antares – Biller, Videoen oder Audiodateien