Antoine Émile Henry Labeyrie

Vu Wikipedia
Antoine Émile Henry Labeyrie
Gebuer 12. Mee 1943
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Astronom, Ingenieur, Professer
Member vun Académie des sciences, Academia Europaea

Den Antoine Émile Henry Labeyrie, gebuer 12. Mee 1943 zu Paräis ass e franséischen Astronom.

De Labeyrie hat 1966 säin Ingenieurstudium an der École supérieure d'optique, ofgeschloss, a krut 1970 den Doktorgrad. Hien ass Professer am Collège de France. Säi Laboratoire fir Interferometrie vu Stären an Exoplanéiten (Laboratoire d'Interférométrie Stellaire et Exo-planétaire, LISE) ass am Observatoire de Haute-Provence integréiert.

D'Fuerschungsgebitt vum Labeyrie ass d'Optik, besonnesch um Gebitt vun den Interferometrietechniken. Hien huet d'Speckle-Interferometrie entwéckelt. Am Ament schafft hien um Konzept vun engem „Hyperteleskop“ (och Exo Earth Imager), en Interferometer deen eng Flott vu Weltraumteleskope kombinéiert a grouss genuch ass fir prinzipiell Strukturen op Exoplanéiten opléisen ze kënnen.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]