Appianus

Vu Wikipedia
Appianus
Gebuer 95 jul.
Alexandria
Gestuerwen 165 jul.
Roum
Nationalitéit Réimescht Räich
Aktivitéit Historiker, Schrëftsteller, Affekot, Fonctionnaire

De réimeschen Historiker Appianus koum vun Alexandria an Egypten an huet am 2. Joerhonnert no Christus gelieft. Genee Datumer iwwer säi Liewe sinn eis net bekannt, mä et gëtt ugeholl datt hie spéitstens zur Zäit vum réimesche Keeser Trajan op d'Welt koum.

Den Appianus huet zur réimescher Uewerschicht gehéiert. Hien hat d'réimescht Biergerrecht a war e Procurator Augusti.

Am Alter huet den Appianus säi Geschichtswierk Rhomaika (Réimesch Geschicht) a 24 Bänn op Griichesch geschriwwen. Dëst gëtt op d'Mëtt vum 2. Joerhonnert datéiert. D'Wierk handelt vun de réimesche Kricher vum Ufank u bis zum Enn vun der Republik. Dat besonnescht u sengem Wierk ass, datt d'Kricher geographesch zortéiert sinn, e System un deem sech de Prokop inspiréiert huet. Vu sengem Wierk erhale sinn d'Pröomium (Einleitung), fir e groussen Deel d'Bicher 6 bis 9 (Kricher a Spuenien, géint den Hannibal an an Afrika) an d'Bicher 11-17 (Kricher a Griicheland, Syrien, géint de Mithridates vu Pontos an d'Bellum Civile (Biergerkrich) zanter de Gracchen).

D'Fuerschermeenung iwwer den Appianus ass problematesch. Zimmlech sécher huet hie méi wéi een Auteur als Quell benotzt, mä déi Quelle sinn net ëmmer sécher. Den Appianus schreift deelweis méi wéi e Schrëftsteller an ass der Chronologie och net ëmmer trei. Seng Vue vu Roum ass z'erkläre well am 2. Joerhonnert d'Réimescht Räich quasi op sengem Héichpunkt ukomm war, an d'Grenze stabil waren. Fir verschidden Epochen, zum Beispill d'Biergerkricher, ass säi Wierk eent vun de wichtegste vun där Zäit.

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Appianus, Römische Geschichte, ersg. vum Otto Veh, 2 Bänn, Stuttgart 1987-89
  • Appians Abriss der Seleukidengeschichte (Syriake), ersg. vum Kai Brodersen, München 1991.
  • Martin Hose, Erneuerung der Vergangenheit. Die Historiker im Imperium Romanum von Florus bis Cassius Dio, Stuttgart 1994.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Réimescht Räich – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Réimescht Räich.