Apus (Stärebild)

Vu Wikipedia
Date vum Stärebild Apus
Lëtzebuergeschen Numm Paradäisvull
Laténgeschen Numm Apus
Laténgesche Geenitiv Apodis
Laténgesch Ofkierzung Aps
Rektaszensioun 13h 50m bis 18h 27m
Deklinatioun -67°30´ bis -83°05´
Fläch 206 Quadratgrad
Siichtbar op de Breetegraden 7° Nord bis 90° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
net ze gesinn
Stärenzuel mat
Gréisst < 3m
0
Hellste Stär,
Gréisst
[[γ Apodis,
3,83m
Meteorstréim  
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerrzäresënn)
Triangulum Australis
Circinus

Musca
Chamaeleon
Octans
Pavo
Ara

Kaart vum Stärebild Paradäisvull
Kaart vum Stärebild Paradäisvull
Stéch vum Stärebild Paradäisvugel
Stéch vum Stärebild Paradäisvugel

De Paradäisvull, op Latäin Apus, ass e Stärebild um südleche Stärenhimmel.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Den Apus ass een onscheinbaart Stärebild an der Géigend vum südlechen Himmelspol. Mëmmen zwéi vu senge Stäre si méi hell wéi déi 4. Gréissteklass. D'Stärebild soll en tropesche Vull duerstellen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Apus war eent vun den zwielef Stärebiller déi um Enn vum 16. Joerhonnert vum Petrus Plancius op Bassis vun Observatioune vun den hollännesche Séifuerer Pieter Dirkszoon Keyser a Frederik de Houtman opgezeechent gouf. Stäredild gouf fir d'éischt 1597 oder 1598, op engem Himmelsglobus duergestallt, deen zu Amsterdam erauskoum, a vum Petrus Plancius a Jodocus Hondius opgestallt gi war. De Johannes Bayer huet déi Konstellatioun ënner dem Numm Avis Indica (Indische Vull) 1603 a säin Himmelsatlas Uranometria opgeholl.

Himmelsobjeten[änneren | Quelltext änneren]

Stären[änneren | Quelltext änneren]

B F Numm m M Lj Spektralklass
α 3,88 -1,67 411 K5 III
γ 3,86 0,41 160 K0 IV
β 4,23 0,81 158 K0 III
δ1 4,68 -2,17 770 M5 IIIb
ζ 4,76 -0,14 312 K1 III
η 4,89 1,73 140 A2m
ε 5,06 -0,18 551 B4 V
δ2 5,27 -1,27 660 K3 III
R 5,37 -0,22 428 K4 III
ι 5,39 -2,34 1150 B9 V + B9 V
κ1 5,40 -2,07 1020 B3 IVe + K5 IV
θ 5,50 0,48 328 M6.5 III
HR 6135 5,50 -1,80 940 K1 III CN
κ2 5,64 735 B7 III + K0 V

Den hellste Stär am Paradäisvull ass den α Apodis. Hie läit 410 Liichtjoer vun eis ewech an ass e Roude Ris mat der fënneffacher Mass vun eiser Sonn.

Duebelstären[änneren | Quelltext änneren]

System m Ofstand
δ 4,68/5,27 102,9 "
κ1 5,43/12 27"
κ2 5,64/12,5 15"

Den δ Apodis ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vu 663 Liichtjoer. Déi hellste Komponent ass ee roude Ris mat der Spektralklass M5 III, dee seng Hellegkeet ouni erkennbar Period verännert. Déi zweet Komponent ass ee Stär, deen orange liicht an d'Spektralklass K3 III huet. D'System huet e wäite Wénkelofstand vun 102,9 Bousekonnen an ass gutt z'observéieren.

Verännerleche Stär[änneren | Quelltext änneren]

Stär m Period Typ
δ1 4,66 bis 4,87 onreegelméisseg Verännerlechen
ε 5,06 +- 0,05 Gamma-Cassiopeiae-Stär
κ1 5,43 bis 5,61 Gamma-Cassiopeiae-Stär
θ 5,69 +- 0,56 119 Deeg hallegreegelméisseg Verännerlechen

Den ε Apodis ass e verännerleche Stär. Hien ass 551 Liichtjoer vun eis ewech an ass vum Typ Gamma-Cassiopeiae. Seng Hellegkeet huet kleng Schwankungen ëm 0,05 Gréissteklassen.

Den θ Apodis ass en hallefreegelméisseg verännerleche Stär a gehéiert zu der Spektralklass M. Seng Hellegkeet variéiert an enger Period vun 119 Deeg tëscht 5,5 a 6,6 mag.

NGC-Objeten[änneren | Quelltext änneren]

NGC divers m Typ Numm
5612 Galaxis
5799 Galaxis
6101 9,0 Kugelstärekoup

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Apus – Biller, Videoen oder Audiodateien