Aqueduc de la Vanne

Vu Wikipedia
Aqueduc de la Vanne, den ënneschte Siphonskapp bei Chigy 48° 12’ 38.52’’ N 03° 28’ 33.62’’ O
Aqueduc de la Vanne, d'Arcade Beauregard 48° 10’ 38.78’’ N 03° 23’ 39.06’’ O
Aqueducbréck iwwer den Dall vun der Yonne tëscht Villeperrot a Gisy-les-Nobles 48° 16’ 08.69’’ N 03° 13’ 41.59’’ O
Aqueducbréck zu Pont-sur-Yonne 48° 17’ 01.81’’ N 03° 11’ 28.52’’ O
Aqueducbréck am Bësch vu Fontainebleau iwwer der départementale D152 48° 23’ 15.75’’ N 02° 40’ 06.29’’ O

Den Aqueduc de la Vanne zielt zu de längste Waasserleitungen déi Paräis mat Drénkwaasser beliwweren. Den Haaptdeel mat enger Längt vun 136 km huet säin Ufank ëstlech vu Villeneuve-l'Archevêque wou seng zwéin éischt Zoubrénger den Aqueduc d'Armentières an den Aqueduc de Cérilly beieneekommen, an en huet säin Enn am Waasserbaseng vu Montsouris am Süde vu Paräis am 14. Arrondissement. Op der ganzer Streck gëtt et 14.500 Meter Aqueducbrécken a 17.000 Meter Siphonen.

De Bau vum Aqueduc gouf mat engem Dekreet vum 19. Dezember 1866 agelaut an e war 1875 fäerdeg. Duerno gouf vun 1879 u stänneg dru verbessert. Deemools hat dat Meeschterwierk ouni de Paräisser Baseng ronn 40 Millioune franséisch Frange kascht.

Ogfesi vun de Quelle vu Cochepies bei Villeneuve-sur-Yonne, deene vun Nemours an der grousser Quell vu Chaintreauville gëtt den Aqueduc vu Quelle gefiddert déi op verschiddenen Niveaue leien. Ongeféier d'Hallschent vum Waasser kënnt vun dräi sougenannten héije Quellen deenen hiert Waasser vum selwen draleeft an déi aner Hallschent vu ronn enger Dosen niddrege Quellen deenen hiert Waasser muss op d'Héicht vun der Leitung gepompelt ginn.

Seng héchst Plaz läit deemno op der Héicht vun 111 m an der Géigend vun der Ferme des Armentières wou déi gréisst Quell en Debit vun 230 Liter/Sek. huet. Déi kritt do nach Hëllef vun enger Quell déi ronn 1.500 Meter ëstlech dovu läit der sougenannter Source de la Bouillarde.

Am Ganze gëtt d'Haaptleitung nach vu ronn 20 km Nieweleitunge gefiddert déi d'Waasser vu 16 Quellen, déi am Dall vun der Vanne gefaasst sinn, transportéieren, plus en Niewenaqueduc deen d'Waasser vun der Quell Cochepies aus engem Säitendall vun der Yonne ëstlech vu Villeneuve-sur-Yonne erbäibréngt.

D'Quelle si vun uewen no ënnen opgezielt: Source de la Bouillarde, 3 Armentièrequellen, d'Quell vu Cérilly, 2 Gaudinquelle bei Flacy, d'Quell Pâtures ëstlech vu Chigy, d'Quell Maroi südlech vu Chigy, d'Quell Saint-Philibert tëscht Pont-sur-Vanne a Vareilles, 5 Quelle bei Theil an d'Quell vun Noé.

Nieweleitungen a Pompelstatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Hei drënner stinn d'Nieweleitunge vun uewen no ënnen opgezielt mat hannendrun de Quellen déi se fidderen.

  • Aqueduc d'Armentières: Armentièrequellen an d'Source de la Bouillarde
  • Aqueduc de Cérilly: Quell vu Cérilly
  • Pompelstatioun vu Flacy: Gaudinquellen
  • Aqueduc du Maroi a Pompelstatioun zu Chigy: Quelle vun Theil-sur-Vanne, d'Quell Maroi an d'Quell Saint-Philibert
    • Conduite de Pâtures: D'Quell Pâtures
  • Aqueduc de Theil et de Chigy mat der Pompelstatioun des Forges an eng Pompel zu Malay-le-Petit: Quell vun Noé a Quelle vun Theil
  • Aqueduc des Eaux de Cochepies mat enger Pompelstatioun zu Maillot: Quell vu Cochepies
  • Pompelstatioun Les Sablons: Quelle bei Évry
  • Aqueduc ouni Numm dee vun der Pompelstatioun Les Loges kënnt: Gefaasst Quelle vun der Pièce des Loges
  • Aqueduc de la Voulzie den am Bësch vu Fontainebleau vun Aqueduc de la Vanne mat weidergeholl gëtt.
  • Station de pompage et de relance am Bësch vu Fontainebleau (zesumme mam Aqueduc du Loing)

Brécken a Siphonen[änneren | Quelltext änneren]

Den Tracé ass um Terrain liicht ze verfollegen, well et meeschtens eng gebaut Leitung ass déi sech dem Niveau vum Terrain upasst a mat Regarden ekipéiert ass déi een all puer honnert Meter gesäit. Wéi bei all de Konstruktiounen déi e konstanten Niveau hale mussen, fënnt een och um Tracé vum Aqueduc de la Vanne e Koup Konschtbauten déi et, wann den Terrain oder aner Konstruktiounen dat net erlaben, der Leitung erméiglechen driwwer ze kommen oder drënner erduerch. Dat sinn an dësem Fall haaptsächlech Brécken, déi, wa se net héich sinn Arcaden (rar méi wéi 5 m héich) heeschen, Siphonen an och een oder den aneren Tunnel. D'Siphone materialiséiere sech um Terrain doduerch dat op de meeschte Kappstécker e Waasserschlass steet un dat dann eng Arcadëkonstruktioun (heiansdo och vollt Mauerwierk) uschléisst, op där d'Leitung da weiderleeft bis se erëm den Niveau um natierlechen Terrain fonnt huet. Et gëtt hei probéiert déi Konstruktioune sou komplett wéi méiglech opzezielen (vun uewen no ënnen):