Aragog

Vu Wikipedia
Aragog
Geschlecht: männlech
Fabeldéierenzort: Acromantula
Gebuer: 1940 oder 1941
Gestuerwen: 20. Abrëll 1997
Ausgesinn: Hoer: Gro-schwaarz
Aen: aacht Stéck mëllechzeg wäiss
Bestuet mat: Mosag
Loyalitéit: géintiwwer dem Rubeus Hagrid
Am Film: Julian Glover (Stëmm)
Éischten Optrëtt: Harry Potter and the Chamber of
Secrets
(2. Buch)

Den Aragog ass eng fiktiv Gestalt aus den Harry-Potter-Romaner déi vum Joanne K. Rowling geschriwwe goufen. Si kënnt fir d'éischt am zweete Band Harry Potter and the Chamber of Secrets op an ass eng sougenannten Acromantula, eng Aart Risespann déi schwätze kann.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Aragog (ca.1942-1997) gouf als Ee a Groussbritannien importéiert. E Reesenden huet d'Ee, dat en aus Borneo, dem Heemechtsland vun den Acromantulaen huet, dem Rubeus Hagrid iwwerlooss, deen deemools am drëtte Schouljoer war. Dat war am Joer 1941/42.

Et huet natierlech géint d'Schoulreegele verstouss, eng Acromantula grousszezéien an als Hausdéier an der Schoul ze halen; dofir huet den Hagrid d'Ee och an engem däischtere Schaf am ënnerierdeschen Deel vum Schlassgebai verstoppt, wou den Aragog dunn erauskomm ass. Den Hagrid huet hien ëmmer gutt mat Iessensreschter gefiddert, sou datt hie grouss ginn ass. Schonn no e puer Méint huet den Aragog awer zu sengem Entsetze gefillt, dat sech iergendwou am Schlass e Basilisk géif beweegen. Wéi all Spanne wollt hien instinktiv direkt flüchten, mä den Hagrid huet hien net fräi gelooss. Hie krut dogéint vum Hagrid gesot, datt an der Schoul e Monster Leit géif ëmbréngen, a kee wéisst, wat dat Monster wier. Ëmmer erëm huet den Hagrid probéiert vum Aragog gewuer ze ginn, wat fir e Monster hie géif witteren. Mee wéi all Acromantula huet och den Aragog et net gewot, d'Wuer "Basilisk" auszeschwätzen. Am Juni 1942 ass dem Aragog seng Stopp opgeflunn an e gouf selwer beschëllegt, dat Monster ze sinn. Deemools huet den Aragog et nach gepackt, an de Verbuedene Bësch ze flüchten. Déif am Bësch, wou keng Luucht méi duerch d'Kroune vun de Beem kënnt, huet hie sech niddergelooss. Wéi den Hagrid him nach en Acromantula-Weibche mam Numm Mosag fonnt huet, hunn déi zwee do gewunnt an ëmmer méi Kanner an Enkelkanner krut.

Wärend dem Harry Potter senger Schoulzäit war den Aragog schonn iwwer fofzeg Joer al a seng aacht Aen ware blann a wäiss ginn. Am Laf vum Harry Potter sengem sechste Schouljoer ass den Aragog krank ginn a schlussendlech gestuerwen. Wärend sengem Begriefnes konnt de Professor Slughorn him nach Acromantula-Gëft ofgeholl, e raart an deier gehandelt Produkt fir an Zaubertranken ze maachen.

Den Aragog huet keng Mënschen ëmbruecht aus Respekt virum Hagrid, deen hien als kleng Spann groussgezunn huet. Och iwwer seng Nokommen hat hie sou vill Kontroll, dat si dem Hagrid näischt gemaach hunn, mä all aner Persoun ëmbruecht hunn, déi hinnen ze no komm ass.

Quell[änneren | Quelltext änneren]