Aratus CA

Vu Wikipedia
Aratus CA
Den Aratus CA mat Niewestrukturen an Dorsum Owen (Foto: Apollo 15)
Eegenschaften
Breet 24,52° N
Längt 11,17° O
Duerchmiesser 6,75 km

Den Aratus CA ass eng Uewerflächestruktur op der viischter Moundsäit. Hien ass net, wéi den Numm et noleet, en Niewekrater vum Aratus, mä et ass en Dall um Flaachland vum Mare Serenitatis dee vum Haaptkrater wäit ewech läit an net mat deem zesummenhänkt. Nërdlech vum Aratus CA verleeft den Dorsum Owen a Richtung Norden. Nobäi leien déi kleng Kratere Manuel a Yoshi.

Weider ass ongewéinlech, datt eenzel Deeler vun deem Dall en Numm kruten:

Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
Rima Sung-Mei 24,57° N, 11,28° O7 4 km [1]
Vallis Christel 24,52° N, 11,09° O7 2 km [2]
Vallis Krishna 24,48° N, 11,25° O7 3 km [3]

Als net autoriséiert vun der I.A.U. sinn d'Nimm vun der Struktur z. B.: Lorca (a Relatioun mam Federico García Lorca) wéi och Krishna (wéinst der indescher Gottheet Krishna).

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]