Asellus Secundus (Stär)
Ausgesinn
Den Asellus Secundus (zweeten Ieselchen) ass de Stär ι Bootis (Iota Bootis) am Stärebild Bootes.
Den Asellus Secundus ass en Duebelstär (Wénkelofstand 38,6"), dee schonn mat enger Spektiv ze trennen ass. Den Haaptstär huet eng visuell Magnitude vu +4,75 mag a gehéiert zu der Spektralklass A9V. De Begleeder huet eng Hellegkeet vu +8,27 mag a gehéiert zu der Spektralklass A2. D'Distanz vum Asellus Secundus zu eis ass ronn 97 Liichtjoer.
Koordinaten (Equinoxe J2000.0)
- Rektaszensioun: 14h16m09.90s
- Deklinatioun: +51°22'02.0"
Kuckt och
[Quelltext änneren]- Asellus Primus (am Stärebild Bootes)
- Asellus Tertius (am Stärebild Bootes)
- Asellus Borealis (am Stärebild Cancer)
- Asellus Australis (am Stärebild Cancer)