Astronomeschen Observatoire vun Uppsala

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
D'Haus vum Anders Celsius mat sengem Observatoire um Daach, no engem zäitgenëssesche Stéch.

Den Astronomeschen Observatoire vun Uppsala (UAO; Astronomiska observatoriet i Uppsala) ass deen eelsten astronomeschen Observatoire a Schweden. Et gouf eréischt am Joer 1741 gegrënnt, obschonn et zanter 1593 e Léierstull fir Astronomie op der Universitéit vun Uppsala gouf an an den Universitéitsarchive Virliesungsënnerlage fir Astronomie déi bis an d'1480er Joren zréckreechen.

Am 18. Joerhonnert huet den Anders Celsius do gefuerscht a 1741 den éischten Observatiounsraum gebaut. Den Celsius hat den Universitéitsrot vum Kaf vun engem grousse stenge Gebai, vu mëttelalterlechem Urspronk, am Zentrum vun Uppsala iwwerzeegt an huet en Observatoire um Daach ariichte gelooss. Hien huet d'Haus zugläich als Wunneng an Aarbechtsplaz benotzt. Dësen Observatoire war bis 1853 am Gebrauch. Den Observatoire um Daach gouf 1857 ofgerappt.

Am 19. Joerhonnert huet den Anders Jonas Ångström am Observatoiregebai gewunnt an huet do seng astronomesch, physikalesch an optesch Experimenter gemaach. Säi Jong, de Knut Ångström, huet do um Gebitt vun der Sonnestralung gefuerscht.

Am Joer 2000 huet sech den Observatoire mam Institute of Space Physics zum Department of Astronomy and Space Physics zesummegedoen an ass an den Ångström-Laboratoire geplënnert.

Zousätzlech zu den Anlagen zu Uppsala bedreift den Observatoire den Observatoire Kvistaberg a Schweden an d'Uppsala Southern Station um Siding Spring Observatoire an Australien.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]