At-Zeechen

Vu Wikipedia

D'Schrëftzeechen @ – d'At-Zeechen (Englesch: at sign), genannt ass e wichtege Bestanddeel vun E-Mail-Adressen, wou et de Benotzernumm vum Servernumm trennt.

Ursprénglech bedeit @ am englesche Geschäftsverkéier dat selwecht wéi zu oder zu jee am däitschen (4 lemons @ 20 cents ↔ 4 Zitrounen à 20 Cent). Well et am Handelberäich an engleschsproochege Länner dacks gebraucht ginn ass koum et op de Clavier vun de Schreifmaschinnen a spéider natierlech op Tastature vun de PCen.

Déi zwou Schreifweisen à an @ kommen eigentlech aus dem Franséischen. Am Englesche gëtt normalerweis at (wéi an "I'm at home") gesot an dat Zeechen heescht commercial at. Am Däitsch gëtt @ à oder souguer shift-alpha ausgeschwat. Méiglecherweis kënnt de Begrëff aus dem Mëttelalter als handschrëftlech Verschmëlzung (Ligatur) vun de Buschtawen a an d vum laténgeschem Wuert ad (lëtz.: bei oder bei eppes).

Wéi bei der Erfindung vun der E-Mail am ARPA-Netz no engem nach net benotzten Zeechen am Schrëftsaatz vun den amerikaneschen Telegraphen (ASCII) gesicht ginn ass, dat de Benotzer- vum Servernumm kloer deele sollt, ass de Ray Tomlinson 1971 op den @ gestouss an hien huet et geholl fir at-Symbol an den E-Mail-Adressen.

An eelere Programméiersproochen (z. B. BASIC, dBase) ass @ heinandsdo och fir Operator fir d'Positiounsdonnéeë geholl ginn, de BASIC-Befeel PRINT @ 12,10,"HALLO" stellt zum Beispill d'Wuert "HALLO" an der zéngter Zeil an no der zwielefter Spléck um Schierm duer.

Zanter 2004 ass d'At-Zeechen och offizielle Bestanddeel vum Morsecode.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: At-Zeechen – Biller, Videoen oder Audiodateien