Attentat zu Conflans-Sainte-Honorine

Vu Wikipedia
De Samuel Paty, op enger Hommage-Foto bei enger Gedenkmanifestatioun

D'Attentat zu Conflans-Sainte-Honorine, och nach bekannt als Ermuerdung vum Samuel Paty, ass en islamistescht Attentat dat de 16. Oktober 2020 an der Gemeng Conflans-Sainte-Honorine am Departement Yvelines an der franséischer Regioun Île-de-France begaange gouf.

D'Attentat a wéi et dozou koum[änneren | Quelltext änneren]

De Geschichts- a Geographiesprofesser Samuel Paty, e 47-järege Familljepapp, hat de 6. Oktober 2020 a senger Schoul, dem Collège du Bois-d'Aulne zu Conflans-Sainte-Honorine, am Cours iwwer Moral a Rechtsstaatlechkeet (enseignement moral et civique) iwwer d'Recht op Meenungsfräiheet geschwat, an an deem Kader och déi aus aus der Satirenzäitschrëft Charlie Hebdo bekannt Mohammed-Karikature gewisen.

Eng 13-järeg Schülerin, déi dee Cours geschwänzt huet, huet hirem Papp Brahim C., ouni awer selwer eppes Richteges ze wëssen, dovun erzielt, an deen huet doropshin an de sozialen Netzwierker Stëmmung géint de Paty gemaach an huet och den Numm an d'Telefonsnummer vum Professer an d'Adress vun der Schoul uginn. D'Moschee vu Pantin huet op hirer Facebooksäit mat zur Verbreedung bäigedroen, an och de bekannten Islamist Abdelhakim Sefrioui ass mat engem eegene Video géint de Party op deen Zuch gesprongen.

Sou ass den 18-järegen Tschetschen Abdulach Abujesidowitsch Ansorow dorop opmierksam ginn, dee sech eng Rei Méint virdru radikaliséiert hat an eng ronn 80 km wäit ewech zu Évreux gewunnt huet. Den Ansorow huet sech du mam Brahim C. iwwer Telefon a WhatsApp ausgetosch an ass de 16. Oktober 2020 bei de Collège vu Conflans-Sainte-Honorine komm. Well en net wosst wéi de Paty géif ausgesinn, huet en anere Schüler Suen ugebuede wa si him iwwer dem Professer seng Gewunnechten eppes erzielen an en och identifizéiere kéinten. Sou konnt den Ansorow dem Paty nogoe wéi deen d'Schoul verlooss huet, a 500 m dovun ewech huet e mat engem 35 cm laange Messer de Paty gepickt an him duerno de Kapp erofgeschnidden.

Eng Foto vum bluddege Kapp huet den Ansorow dunn iwwer säin Twitter-Kont verbreet, mat engem Message un de "Macron, le dirigeant des infidèles": "J'ai exécuté un de tes chiens de l'enfer qui a osé rabaisser Muhammad, calme ses semblables avant qu'on ne vous inflige un dur châtiment…". Nodeems de Kierper vum Paty fonnt gouf huet d'Police d'Géigend nom Täter ofgesicht an ass op den Ansorow gestouss, dee se mat Gasdrockpistoul a Messer ugegraff huet an derbäi "Allah ass grouss" (Allahu akbar) gejaut huet. De Paty ass dat 260. Affer vun Islamismus dat zanter Januar 2015 op franséischem Buedem säi Liewen huet misse loossen.

National an international Reaktiounen[änneren | Quelltext änneren]

De franséische President Emmanuel Macron ass nach de selwechten Owend op d'Plaz gaangen an huet kloer Positioun bezunn, andeems en d'Dot als schwéiert islamistescht Attentat bezeechent, a seet de Paty wier ermuert gi well e senge Schüler d'Meenungsfräiheet enseignéiere wollt, den Islamist hätt mat senger Dot wëllen d'Republik a senge Wäerter treffen, mä e géif et net packen déi fräi Bierger ze splécken. E puer Deeg méi spéit annoncéiert de Macron, datt d'Moossname géint de radikalen Islam verschäerft wäerte ginn. Et kënnt wärend den nächsten Deeg zu grousse Gedenkmanifestiounen zu Paräis an an anere franséische Stied. Och verschidden Imamen aus der mosleemescher Communautéit vu Frankräich hunn d'Attentat verurteelt.

International dogéint huet en anere Wand geblosen, d'Staatsféierunge vu Saudiarabien, Iran a Pakistan protestéiere géint Frankräich, an a verschiddene Länner wéi Kuwait a Katar kënnt et zu Boykottopriff géint franséisch Wueren. E puer Dose franséisch Websäite si vun Hacker ugegraff ginn a mat islamistescher Propaganda iwwerzu ginn. Am ausfalendste gouf den tierkesche President Erdogan, deen dem Macron geroden huet, säi Geeschteszoustand iwwerpréiften ze loossen. Frankräich huet doropshin säin Ambassadeur aus Ankara zeréckgeruff, an den Erdogan huet nach eng dropgesat andeems och hien zum Boykott vu franséische Wueren opgeruff huet.

Bäileedsmessagë fir de Macron koume vum russesche President a vum US-President. De lëtzebuergeschen Ausseminister huet Frankräich verséchert am Kampf géint den Terrorismus a fir universell Wäerter net zeréckzestoen, an en huet gesot, d'Tierkei géif an eng Direktioun goen déi engem Angscht mécht.