Meenungsfräiheet
D'Meenungsfräiheet ass e fundamentaalt Mënscherecht an e wesentleche Bestanddeel vun demokratesche Gesellschaften. Si ëmfaasst d'Recht vum Eenzelen, seng Meenungen an Usiichte fräi auszedrécken, ze verbreeden an z'empfänken, ouni dobäi Forme vu staatlecher Zensur oder Repressioun ausgesat ze sinn. Dëst Recht ass a villen internationalen Ofkommessen an och an nationale Verfassunge verankert.
D'Meenungsfräiheet erstreckt sech op verschidden Ausdrocksformen, dorënner geschwaten a geschriwwe Sprooch, kënschtleresch Duerstellungen[1][2] an digital Kommunikatioun. Si ass enk mat der Pressefräiheet an der Informatiounsfräiheet verbonnen an ass eng wichteg Grondlag fir d'ëffentlech Diskussioun, fir politesch Bedeelegung a gesellschaftleche Fortschrëtt.
Iwwer den Ënnerscheed tëscht Tatsaachen a Meenungen
[änneren | Quelltext änneren]Eng Tatsaachebehaaptung ass net dat selwecht wéi eng Meenung. Et kann nëmme vun enger Tatsaachebehaaptung rieds goen, wann den Inhalt sech beleeë léisst. D'Ausso "D´Musel leeft vu Waasserbëlleg Richtung Schengen" léisst sech net beweisen (well et an der Realitéit ëmgekéiert ass, wéi sech liicht op der Plaz mat eegenen Ae beobachte léisst), an ass deemno och keng Tatsaach.
Eng falsch Behaaptung wéi "Den Hitler war e Kommunist" ze widderleeën, setzt d'Erunzéie vu méi geschichtlechen a politeschen Hannergrondinformatioune viraus, an ass méi opwenneg.[3] Esou Géigebeweisféierunge sinn ëmmer méi heefeg a Form vu sougenannte "Fakten-Checks" ze fannen, wou mam Zil vun der Objektivitéit all méiglech iwwerpréifbar Informatiounen erugezu ginn, fir kloer ze weise wat wouer ass a wat net.[4]
Meenunge si vu Subjektivitéite markéiert. Wann eng Persoun seet "Ech fanne Waasserbëlleg méi schéi wéi Schengen", dann ass dat där Persoun hir Meenung, an dréckt just eng perséinlech Präferenz aus, déi een deele kann oder och net[5].
Meenungsfräiheet zu Lëtzebuerg a seng Limitten
[änneren | Quelltext änneren]Allerdéngs ass d'Meenungsfräiheet an deene meeschte Rechtssystemer net absolut; si kann duerch Gesetzer ageschränkt ginn, déi beispillsweis Diffamatioun, Haassried oder d'Verbreedung vu falschen Informatioune verbidden. An der Lëtzebuerger Verfassung ass d'Meenungsfräiheet generell mam Artikel 23 gereegelt[6], woubäi awer och aner Artikelen (cf. Art. 15 (5) bei Kanner, Art. 84 bei Deputéierten[7], Art. 94 bei Membere vun der Regierung) dëst Thema beréieren:
Art. 23
D'Meenungsfräiheet an d'Pressefräiheet si garantéiert, ofgesi vun de Strofdoten, déi am Zesummenhang mam Ausübe vun dëse Fräiheeten begaange ginn. Et dierf keng Zensur agefouert ginn.
Deputéiert sinn opgrond vun der Verfassung nëmmen an hire Meenungsäusserunge geschützt, wann dës bei der Ausübung vun hire politesche Funktioune geschéien.[8]
Déi méiglech Aschränkungen zu Lëtzebuerg vun der Meenungsfräiheet ergi sech aus dem Artikel 10 vun der Mënscherechtsdeklaratioun, déi nom Zweete Weltkrich[9] vun de Vereenten Natiounen opgestallt gouf an där Lëtzebuerg sech ugeschloss huet[10]: wann et ëm d'national Sécherheet, ëm d'Erhale vum Land als Territoire, ëm d'ëffentlech Sécherheet, ëm d'Oprechterhale vun der ëffentlecher Uerdnung, ëm d'Bekämpfe vu Verbriechen, ëm de Schutz vun der Gesondheet oder der Moral, ëm de Schutz vum Ruff oder de Rechter vu Persounen, a weider, wann et fir ze verhënneren ass, datt vertraulech Informatioune verbreet ginn, a schlussendlech, wann et gëllt ze garantéieren, datt d'Onparteilechkeet an d'Autoritéit vun der Justiz erhale bleiwen, da sinn Aschränkunge vun der Meenungsfräiheet ubruecht, déi dann duerch Gesetzer musse geholl ginn.
Zu Lëtzebuerg ass et ënner anerem verbuede Genoziden ze verharmlosen[11] oder d'Negatioun dovun ze bedreiwen, dorënner fält och d'Leegne vum Holocaust[12][13].
Besonnesche Schutz vu Persounen
[änneren | Quelltext änneren]Bedroungen ze formuléieren a mat Behaaptungen eng Persoun ze diffaméieren, fir nëmmen déi Beispiller ze nennen, si Verstéiss géint Gesetzer a sinn domat Strofdoten.
D'Verbreedung vun Haass (englesch "Hate Speech", franséisch "incitation à la haine") fällt zu Lëtzebuerg ënner d'Bestëmmunge vum Code pénal, a gëtt vum Artikel 442-2 (obsessiivt Nostellen) ofgedeckt, souwéi vun den Artikele 443 bis 452 (ëffentlech Beleidegungen an Diffamation) a 454 bis 457-4 (Kapitel VI iwwer Rassismus, Revisionismus an aner Diskriminatiounen)[14].
Generell si Persoune besonnesch geschützt am Zesummenhank mat der Meenungsfräiheet, woubäi d'Intimsphär, d'Privatsphär an d'Ëffentlechkeet ënnerschiddlech bewäert ginn[15].
Sachlech Kritik vu Meenungen ass erlabt
[änneren | Quelltext änneren]Am politeschen Debat kënnt et duerchaus méi oft vir, datt eng Kritik vun enger scho geäusserter Meenung vun de Kritiséierten oder hire Sympathisanten als direkten Ugrëff op d'Meenungsfräiheet selwer duergestallt gëtt. Dobäi gëtt dee Moment vun der sachlecher Diskussioun ofgelenkt, an d'Persoun déi kritiséiert gëtt selwer zum Thema gemaach, mam Versuch se politesch, gesellschaftlech asw. ze diskreditéieren.[16]
Wann déi geäussert Kritik sachlech argumentéiert ass - ëmmer am Respekt vun de Limitte vun der Meenungsfräiheet -, an esou eng begrënnte Géigemeenung duerstellt, dann ass se awer ausdrécklech als Bestanddeel vum ëffentlechen Debat erlaabt, an déi Kritiséiert mussen dermat liewen oder entspriechend drop reagéieren.
Eng Kritik vun enger Meenung ass net dat selwecht wéi Zensur dervun.
De gesellschaftlechen a politeschen Debat
[änneren | Quelltext änneren]D’Overton-Fënster beschreift als intellektuellt Konzept de Beräich vu politeschen oder sozialen Iddien, déi zu engem bestëmmte Moment an der Gesellschaft als akzeptabel oder normal ugesi ginn. Iddien, déi dobäi bausse leien, ginn dacks als extrem oder radikal betruecht. Am politeschen Debat gëtt oft vu lénks- a rietsextremen Iddien geschwat. D’Grenze vun dëser Fënster beweegen sech mat der Zäit, wa sech d’Meenungen an d’Norme vun enger Gesellschaft änneren.[17]
Meenungsfräiheet an der Online-Welt
[änneren | Quelltext änneren]An der haiteger, digitaliséierter Welt, steet d'Meenungsfräiheet virun neien Erausfuerderungen an Debatten. Déi massiv Verbreedung vun Desinformatioun an Haassried op sozialen Netzwierker huet zu Diskussiounen iwwer d'Grenze vun der fräier Äusserung vu Meenungen am Internet gefouert.
Op där aner Säit bidden digital Plattformen nei Méiglechkeete fir de weltwäiten Austausch vun Iddien an d'Mobiliséierung vu Biergerinitiativen. De Schutz an de verantwortungsvolle Gebrauch vun der Meenungsfräiheet bleiwen zentral Themen an der gesellschaftlecher a politescher Diskussioun vum jonken 21. Joerhonnert.[18][19]
Moderatioun
[änneren | Quelltext änneren]Op Online-Plattforme gëtt et eng Responsabilitéit vun de Bedreiwer, fir ze moderéieren[19]. D'Moderatioun besteet doranner, d'Inhalter vun enger Plattform z'iwwerwaachen, a problematesch Inhalter (Illegales oder Verstéiss géint spezifesch Benotzerreegelen vun der Plattform) ze läschen, an ënner Ëmstänn den Auteur ze spären. Déi Moderatioun, déi am Prinzip op d'Oprechterhale vun de gesetzlechen Aschränkunge vun der Meenungsfräiheet begrenzt ass, ass ausdrécklech net mat Zensur ze verwiesselen.[20] Ëmgekéiert bedeit d'Feele vun enger Moderatioun op enger Plattform, datt d'Inhalter déi do ze fanne sinn, jee nodeem, strofbar kéinte sinn: et gëtt deemno och eng Eegeresponsabilitéit vun de Leit, déi um Internet Informatioune weiderverbreeden oder derzou bäidroen[21].
Et gëtt wéinst e puer Grënn weltwäit keng eenheetlech Standarde fir Moderatioun vun Inhalter um Internet. D'Bedreiwer vu Plattformen, déi weltwäit opruffbar sinn, hunn hire Sëtz meeschtens am Ausland a sinn do anere Gesetzer ënnerworf. Déi selwecht Bedreiwer kënne méi oder manner beméit sinn, Moderatioun op hire Plattformen ëmzesetzen. Méiglecherweis leeë si Gesetzer och ënnerschiddlech aus, wann se Moderatioun praktizéieren[22]. Meenungsäusserungen um Internet wieren, well déi grouss Plattformen (Facebook, X, Instagram asw.) aus de Vereenegte Staate kommen, net méiglech ouni de Communications Decency Act, och bekannt als Section 230: dës Reegelung betrëfft d'Haftung vun de Plattformbedreiwer fir Inhalter vun hire Benotzer[23].
Bewosst Falschmeldungen
[änneren | Quelltext änneren]Falschmeldungen, dacks och als "Fake news" (englesch) bezeechent, sinn u sech näischt Neies. Allerdéngs krute se wéinst der Méiglechkeet s'um Internet séier a wäit ze verbreeden, e ganz neie Stellewäert a stelle Gesellschaft a Politik virun eng grouss Erausfuerderung[24][25]. Eng Moderatioun ass praktesch quasi net méi méiglech.
Bestëmmt Tatsaachebehaaptungen kënnen, och wann se noweislech falsch sinn oder express wesentlech Informatiounen ewechloossen, heiansdo awer net illegal sinn. Wann esou Behaaptunge bewosst verbreet ginn, beispillsweis aus politesche Grënn, da geet et ganz heefeg ëm d'Verbreede vun Desinformatioun oder och ëm Haassried. Wann d'Auteuren vun esou Falschmeldungen argumentativ widderluecht ginn, da riede se sech dacks mam Schäinargument[14][26] vun der Meenungsfräiheet eraus.
E Grenzthema sinn an dësem Zesummenhank Fakteniwwerpréiwungen duerch KI-Chatbots. Net sielen ieren dës sech schonn emol bei enger Informatioun. Eng Méiglechkeet ass, datt se d'Fro vum mënschleche Fakteniwwerpréiwer esou tendenziéis gestallt kréien, datt d'Äntwert an eng bestëmmte Richtung ausfält, och wann déi net korrekt ass. Och méiglech ass, datt de KI-Chatbot bei der Fakteniwwerpréiwung - wann e soss näischt fënnt - op mannerwäertegt Quellmaterial zougräift, dat inkorrekt Informatiounen (verkleet als "Fakten") enthält. Schlussendlech kann de KI-Chatbot och bewosst esou manipuléiert gi sinn, datt e bei bestëmmten Theme mat bestëmmten Aussoen (am Sënn vu Meenungen) reagéiert, och wann dës inkorrekt, problematesch oder net iwwerpréifbar sinn.[27]
Zesummefaassung an Ausbléck
[änneren | Quelltext änneren]Meenungen an Tatsaache sinn net dat selwecht. Meenungen, déi ëffentlech geäussert ginn, kënnen ënner Ëmstänn géint Gesetzer verstoussen. Wa Leit sech an deem Fall beschwéieren datt "een haut net méi alles soe kann", da läit dat méiglecherweis dorun datt hir Aussoe virun den Zäite vu Soziale Medien och scho problematesch waren, mä datt et just kengem opgefall ass, deen dorobber hin aktiv gi wier (Widdersproch, Moderatioun oder Klo virum Geriicht). Dobäi kënnt och eng gesellschaftlech Entwécklung, déi mécht datt d'Leit eng Tendenz hunn, fir vill méi genee ze liesen, wie wat gesot oder geschriwwen huet: wann d'Grenz tëscht Tatsaachebehaaptung a Meenung net eendeiteg ass, kann et zu Problemer kommen.
An der Online-Welt ass am Ament net kloer a wéi eng Richtung d'Entwécklung geet: wäert et méi oder manner Reguléierung ginn, dat och besonnesch am Hibléck op den Asaz vu kënschtlecher Intelligenz? Mat K.I. kann een haut schonn theoretesch jidder Eenzelem seng perséinlech Filterblos bauen[28], wou deem seng Meenung ëmmer bestätegt a verstäerkt gëtt[29]. Dat ass eng ganz grouss Gefor fir d'Demokratie, well sou Filterblosen e staarken Afloss op d'Meenung duerstellen. Eng fräi Meenungsbildung setzt viraus, datt een all wesentlech Informatiounen (Tatsaachen) iwwer en Thema kann zur Kenntnis huelen, a net just eng tendenziéis Auswiel dovunner oder glat gefälscht, respektiv manipuléiert Informatiounen.[30]
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (lb) Aulner, François, Face-à-face - Fred Keup vs Serge Tonnar: Fakten, Meenung oder Interpretatioun. rtl.lu (20.11.2024). Gekuckt den 20.11.2024.
- ↑ (de) Molitor, Simone, Fred Keup und Serge Tonnar liefern sich Schlagabtausch. Wort.lu (20.11.2024). Gekuckt den 20.11.2024.
- ↑ (lb) Goerens/Aulner, Annick/François, "Den Hitler war e Kommunist". Si Lige geschützt? Wéi wäit geet d'Meenungsfräiheet?. rtl.lu (4. Mäerz 2025). Gekuckt de 5. Mäerz 2025.
- ↑ (de) Wesolowski/Klug, Kathrin/Tetyana, Faktencheck: Warum Hitler kein Kommunist war. Deutsche Welle (10. Januar 2025). Gekuckt de 5. Mäerz 2025.
- ↑ (de) Unwahre Tatsachenbehauptung und Schmähkritik. Schutz der persönlichen Ehre vor rechtswidrigen Äußerungen. WBS.LEGAL Rechtsanwaltsgesellschaft mbH & Co. KG (2024). Gekuckt de 16.11.2024.
- ↑ (lb) Verfassung vum Grand-Duché vu Lëtzebuerg – Konsolidéiert Versioun, applicabel ab dem 01/07/2023. Etat du Luxembourg (01.07.2023). Gekuckt de 25.06.2025.
- ↑ (lb) Claude Wiseler: D'Responsabilitéit vum Chamberpresident ass net engagéiert. https://www.100komma7.lu (13.02.2025). Gekuckt de 16.02.2025.
- ↑ (lb) Sanktioune géint Tom Weidig? : Adr-Nationalkommitee ënner Drock. www.rtl.lu. Gekuckt den 18.02.2025.
- ↑ Haassried hat am Drëtte Räich d'Grondlag geluecht, fir d'Entmënschlechung an d'Verfollege vu Minoritéite, besonnesch Judden, andeems duerch systematesch Propaganda an Hetz an de Medien, d'Akzeptanz fir d'Diskriminéierung - an a leschter Konsequenz och fir den Holocaust - geschafe gi war.
- ↑ (fr) Loi du 29 août 1953 portant approbation de la Convention de sauvegarde des droits de l’homme et des libertés fondamentales, signée à Rome, le 4 novembre 1950, et du Protocole additionnel, signé à Paris, le 20 mars 1952.. Etat du Luxembourg (29.08.1953). Gekuckt de 15.11.2024.
- ↑ (lb) Video: Zolidd Kritik um Tom Weidig: Chamber stëmmt eestëmmeg Resolutioun géint Gewalt, Haass an Diskriminatioun. www.rtl.lu. Gekuckt de 16.02.2025.
- ↑ (lb) Revisiounismus: Mann wéint Minimiséiere vum Holocaust viru Geriicht. rtl.lu (16.02.2024). Gekuckt den 21.11.2024.
- ↑ (lb) Koenig, Thomas, Negationismus: Wéi wäit musse mir eis beschränken, fir fräi ze sinn?. 100komma7.lu (26.02.2019). Gekuckt den 21.11.2024.
- 1 2 (de) BEE Secure, "Hate Speech" und das Gesetz. BEE Secure (Juni 2017). Gekuckt de 16.11.2024.
- ↑ (de) Autorenteam iRights.Lab, Das Sphärenmodell zur Bemessung von Persönlichkeitsrechtsverletzungen. Bundeszentrale für politische Bildung (17.03.2017). Gekuckt de 17.11.2024.
- ↑ (lb) Aulner, François, Invité vun der Redaktioun (16. Oktober) - Sam Tanson: Meenungsfräiheet ass "schreiwe wat ee wëll", mee och "geäntwert kréien". rtl.lu (16. Oktober 2025). Gekuckt de 16. Oktober 2025.
- ↑ (de) Hanslischeck, David, Eine computergestützte Analyse über die Grenzen und Dynamik des Overton-Fensters. BACHELORARBEIT. Universität Leipzig (4. Abrëll 2022). Gekuckt de 16. Oktober 2025.
- ↑ (fr) Montaigu, Geneviève, Les fake news inquiètent à la veille des élections. Le Quotidien (10.12.2022). Gekuckt de 15.11.2024.
- 1 2 (lb) Goerens, Annick, Dir hutt d'Wuert: Geet Iech d'Meenungsfräiheet hautdesdaags net wäit genuch oder ze wäit?. RTL.lu (15.11.2024). Gekuckt de 15.11.2024.
- ↑ (lb) Goerens, Annick, Dir hutt d'Wuert: Geet Iech d'Meenungsfräiheet hautdesdaags net wäit genuch oder ze wäit?. rtl.lu (15. Oktober 2025). Gekuckt de 15. Oktober 2025.
- ↑ (de) Fake News: Wenn von der Wahrheit kein Körnchen übrig bleibt. anwalt.org (16.08.2024). Gekuckt de 16.11.2024.
- ↑ (de) Weissenburger, Peter, Section 230 – Haftung Sozialer Medien. Dürfen sich Twitter & Co. selbst regulieren?. deutschlandfunk.de (25.05.2021). Gekuckt de 16.11.2024.
- ↑ (en) 47 U.S.C. § 230. Electronic Frontier Foundation. Gekuckt de 16.11.2024.
- ↑ (de) Der Umgang mit Fake-News. Rechtslage und Reformansätze. Deutscher Bundestag, Wissenschaftliche Dienste (2016). Gekuckt de 16.11.2024.
- ↑ (de) Fake-News. Definition und Rechtslage. Deutscher Bundestag, Wissenschaftliche Dienste (2017). Gekuckt de 16.11.2026.
- ↑ (lb) Tëscheruff vum Céline Eischen: Meenungsfräiheet: Liblingsschutzschëld vun de Populisten. www.rtl.lu. Gekuckt den 31.03.2025.
- ↑ (lb) AFP, KI "iwwerpréift Fakten" a verbreet Falschinformatiounen. AFP (24.06.2025). Gekuckt de 25.06.2025.
- ↑ Harari, Yuval Noah (2024). Nexus: A Brief History of Information Networks from the Stone Age to AI. New York: Random House. ISBN 9780593467169.
- ↑ (en) Collier, Kevin, An AI-powered bot army on X spread pro-Trump and pro-GOP propaganda, research shows. NBC News (16.10.2024). Gekuckt de 17.11.2024.
- ↑ (lb) Faktencheck: KI, eng nei Front vun Desinformatioun. www.rtl.lu. Gekuckt de 16.02.2025.