Aye

Vu Wikipedia
Aye
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Lëtzebuerg
Arrondissement Marche-en-Famenne
Gemeng Marche-en-Famenne
Fläch 1.781
Koordinaten 50° 13’ 00’’ N
      05° 18’ 00’’ O
Postcode 6900

Aye ass eng belsch Uertschaft a Sektioun an der Gemeng Marche-en-Famenne, an der Provënz Lëtzebuerg.

Bis zur belscher Gemengereform vun 1977, war Aye eng eegestänneg Gemeng.

Aye ass bekannt als Residenzuertschaft. Zu Aye gëtt et zwou Schoulen, eng Gemengeschoul an eng privat.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Zu Aye gëtt et dräi schéi Gebaier ze gesinn, Den Haff deen zum Schlass gehéiert huet, vun tëscht 1672 a 1678, e Schlass aus dem 18. Joerhonnert an eent aus dem 19ten

Verkéier[änneren | Quelltext änneren]

Aye ass un dat belscht Eisebunnsnetz ugeschloss iwwer d'Linn 162. Déi fréier Gare gouf ewechgerappt an et besteet elo just nach eng Halt. Nieft der Bréck bei der fréierer Gare ass nach e fréiert Gardshaischen ze gesinn, dat awer ëmgebaut a vergréissert gouf.


Uertschaften an der Gemeng Marche-en-Famenne

Sektiounen: AyeHargimontHumainMarcheOnRoyWaha
Aner Uertschaften: Champlon-Famenne · Grimbiémont · Hollogne · Lignières · Marloie · Verdenne

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Aye – Biller, Videoen oder Audiodateien