Batty Fischer
Dëse Fotografiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Jean-Baptiste (Batty) Fischer, gebuer de 24. Juli 1877 an der Stad Lëtzebuerg um Krautmaart [1] an och do gestuerwen de 27. Dezember 1958, war e lëtzebuergesche Fotograf.
Seng Formatioun
Eigentlech wollt de Batty Fischer Zänndokter ginn. Obschonns hien duerfir all seng Diplomen hat, huet hien iewer ni praktizéiert. Scho mat 15 Joer huet hien e Fotoapparat kritt. Et war eng Plackekamera.
Säi Wierk
De Batty Fischer huet a senge Biller d'Geschicht vun der Stad Lëtzebuerg a senge Faubourgen op eng pregnant Manéier erzielt.
An der Fotothéik vun der Stad Lëtzebuerg kann een déi ronn 10.000 Dokumenter bewonneren, déi d'Entwécklung vun der Stad vun 1890 bis 1958 beschreiwen. An den Archive vun der Stad ass och de Vergréisserungsapparat, deen de Batty Fischer benotzt huet, ze gesinn.
Literatur
- Henri Beck, 1994. Batty Fischer (1877-1958) un photographe pas comme les autres. ons stad 45, S. 13-19. PDF
- Album mat Fotoen vum Batty Fischer: LUXEMBOURG - Album de souvenirs, 32 Säiten, Editions Kutter (1966).
- Fischer, Batty: Luxembourg, souvenirs et adieux, Album mat Fotoen vum Batty Fischer, 296 Säiten, realiséiert an editéiert vum François Mersch, Editions François Mersch, Imprimerie Joseph Beffort (1977).