Benotzer:Daniel Chicago

Vu Wikipedia
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
De Foussball ass eng vun de populäerste Sportaarte vun der Welt

Sport[änneren | Quelltext änneren]

Ennert Sport (engl.: sport = Zäitverdreif, Spaass) ass eng kulturell Aktivitéit fir de Kierper an de Geescht a Form ze halen. Et kann een e professionell oder nëmmen als Hobby bedreiwen. Sport kann als Ekippessport oder als Individualsport bedriwwe ginn.

Sportethik[änneren | Quelltext änneren]

D’Sportethik ass en interdisziplinärescht Deelgebitt vun der Philosophie an den Sportwëssenschaften. Ënnert deser sougenannter ‘oofgewandter Ethik’ befaasst een sech mat den moraleschen Aspekter vum Sport. Als wichtegst Themendéi d’Sportethikofdeckt ginn den Dopping, d’Fairness esou wei d’Reegelen an d’Normen am Sport ugesinn.

Modern Opfaassung[änneren | Quelltext änneren]

An der moderner Sportethik kann een generelltëscht der Sportethik als Theorie vun der sportmoralscher Praxis an vun der Metaethik, déi d’Viraussetzungevun esou enger Theorie hannerfreet. D’Beäntwerenvun der moralescher Fro (wat soll et maachen) hängt awer vum eenzelen dovunof, als wien oder wat en sech begräift. Well de kompetitive Sport am Kader vun enger Kompetitioun duerch seng eendeiteg Reegelen an seng geréng Unzuel u Rollebesetzungen eng relativ kloer Situatioun schaaft, kann een d’Sportethik och als Modell vun der allgemenger Ethik ugesinn.

Op Sportsklassen ewéi den Gesondheetssport, Fräizäitsport an Seniorensport zum Beispill trefft dat awer net zou, well een sechheibäizousätzlech nach mat den sougenannten Wäertekanounen (Grondiwwerzeegungen) vun jeeweilegen Gesellschaftsfeld beschäftegt. Den Usage vun anaboleschen Substanzen am Kontext vun der sougenannter Anti-Aging-Medezin (ugesinn alsDopping) ass am Sport allgemeng wäitverbreet, am kompetitiven Concoursbetrieb vun den Senioren zum Beispill awer no den Reegelen vun der Welt-Anti-Dopping-Agentur (WADA) awer strict verbueden. Dozou kennt dass och d’Bedéngungen vun der sportmoralescher Praxis netganz onproblematesch ass: Wann et bei engem Leeschtungssportler zum Beispill am Kader vun enger Doppingkontroll zum Doppingverdacht kennt, een d’Schold awer net zu 100% noweisen kann, esou stellt sech d’Fro zu weiengem Ausmooss déi betraffe Persoun Schold dréit.

Gesellschaft[änneren | Quelltext änneren]

Sport gëtt an der Kultur vu bal all Land op der Welt agebonnen. An de meeschten europäesche Länner soen méi wéi d'Halschent vun der Bevëlkerung datt si op d'mannst eemol d'Woch sport machen. Déi grouss Majoritéit vun de Kanner a Jugendlechen huelen u Sport an der Schoul an oder an de Veräiner mat, mat deenen se fräiwëlleg matmaachen.Et gi vill verschidde Sportarten, an all Regioun huet e Sport, deem säi Event bekannt ass. An Europa ass et Fussball mat der Champions League wat e grousst kulturellt Event ass, an an den USA ass et méi wéi amerikanesche Fussball mat der Super Bowl oder Basketball mat der NBA. Sport huet also op der ganzer Welt ee grousse sozialen impact. D'Olypesch Spiller ass och ee Sportevent den d'ganz Welt betreffet an Leit vun der ganzer Welt zesummenbrengt. Sportler hunn e groussen Afloss op d’Gesellschaft a musse e gutt Beispill stellen. Sport representéiert fair Spill a géigensäiteg Respekt déi gutt Wäerter fir am Alldag unzehuelen.

Fairplay[änneren | Quelltext änneren]

Fairplay ass e wichtegt Konzept am Sport. Dëst Konzept befaasst souwuel de Respekt fir de Géigner, d'Regelen, d'Entscheedunge vum Arbitter, d'Publikum an de Geescht vum Spill, awer och Loyalitéit, Selbstkontrolle an Dignitéit an der Victoire wéi an der Néierlag.

De soziale Kontrakt[änneren | Quelltext änneren]

De sozialen Kontrakt (Däitsch Gesellschaftsvertrag; Englesch articles of association) ass en Kontrakt, an dem d’Memberen vun enger Gesellschaft (d’Gesellschaftler) bei der Grënnung vun enger Gesellschaft, d’Rechtsgrondlagen festleën. D’Gesellschaftler verpflichten sech mat Oofschléissen vun desem sozialen Kontrakt Pflichten an Rechter anzehalen vir zum Erreechen vun engem gemeinsamen Zwéck. Wei dësen Zweck ze förderen ass, gëtt am sozialen Kontrakt geklärt andem den Emfang vum Nogoen vun gläichgeriichte Interessen bestemmt gëtt. Esou gett gëtt den sozialen Kontrakt zum Beispill bei Kapialgesellschaften, Veräiner a Statuter genannt.

Allgemeng Informatiounen[änneren | Quelltext änneren]

All modern Gesellschaft entsteht duërsch ë sozialen Kokntrakt. Heibäi handelt et sëch en effet ëm en Pakt tëscht den Gesellschaftler déi héiduersch eng  Gesellschaftsverfaassung schaafe kennen, duersch dei sie um Geschäftverkéier deelhuelen kennen. De sozialen Kontrakt ass also soumat och e scholdrechtlëschen Kontrakt mat organisatiounsrechteschen Elementen. Trotzdem ass den sozialen Kontrakt keen geigesäitegen Kontrakt, well sech d’Leechtungen vun de Gesellschaftler net an engem synallagmateschen Verhältnis stinn. D’Leechtungen vun den Eenzelnen Gesellschaftler sinn esou drop ausgeluecht, dem gemeinsamen Zweck ze dengen. D’Grondidee vum sozialen Kontrakt besteht also dran, dass ë Gesellschaftler gewess Leeschtunge un den Dag leeen muss, an dess net verweigeren kann, andems en sech dodrop berifft, dass en aneren Gesellschaftler seng Leeschtung nach net erbruecht huet. De gemeinsamden Zweck ass also an esou engem Kontrakt vun grousser Bedeitung, well dësen d’Rechter an Pflichen vun den Gesellschaftler konkretiseiert. Den Gesellschaftszweck vun esou engem Kontakt kann also ganz verschidden sinn, demno wei dei sozial oder economesch Intereten vun der jeweileger Gesellschaft  ass.[1]

Aktuellen Gesellschaftsbestanddeel[änneren | Quelltext änneren]

Form[änneren | Quelltext änneren]

Eng spéziell Form ass bei Persounengesellschaften (mindestens 2 Rechtsdroer doen sech zesummen vir en gemeinsamen Zweck ze erreschen) vir de sozialen Kontrakt net virgesinn. Den sozialen Kontrakt kann och ouni publizeiert ze ginn zustan kommen. Eng OGH (oppen Handelsgesellschaft) kann zum Beispill och ouni sozialen Kontrakt zum Handelsregister ugemellt ginn. An eischter Linn geht also duer, dass zunächst 2 Gesellschaftler eng Beitrettserklärung areeschen an weiderer spéiderhin derbäi kommen (Stuufegrennung).[1]

Noutwendegkeet[änneren | Quelltext änneren]

Well e sozialen Kontrakt all Rechter an Pflichten vun den Gesellschafter kloer defineiert an regelt, ass en vun grousser Wichtegkeet. Zudem dengt esou en Kontrakt als zouverlässlesch Grondlag fir geschäftlesch Entscheedungen zweschen den Gesellschaftler. Bei Persounengesellschaften ass esou eng Verbarung (Accord) och mendlesch, dat heescht net niddergeschriwwen, rechtelsch vertriedbar. Trotzdem mescht et duerschaus Senn, eng schreftlesch Versioun vum Accord auszemachen, vir an engem Streifall kennen op eng schreftlesch Entscheedungsgrondlag zereckzegreifen.[2]

Historeschen Hannergrond[änneren | Quelltext änneren]

Historesch gesinn leit den Ufank vum Konzept vum sozialen Kontrakt am 17. a 18. Joerhonnert: Vum Thomas Hobbes iwwert den John Locke, dem Jean-Jacques Rousseau bis zum Immanuel Kant hunn sech vill Philosophen mat desem Gedanken ausernee gesaat.[3]

18. Joerhonnert[änneren | Quelltext änneren]

Vir d'Gerechtegkeet an Chancengleichheet ze förderen, ass am 18. Joerhonnert d’Konzept vum franséischen politesch-theoretschen Philosoph Jean-Jacques Rouseeau vir d’éischt Keier publizeiert ginn: 1762 huet den Rousseau sein Haptwierk Du contrat social ou Pricipes du droit politique publizeiert. Zesummen mam Wierk L’esprit des lois vum Montesquieu ass desst ë Schlesselwierk vun der Opklärungsphilosophie an en Viergänger vun der heiteger Demokratie. De sozialen Kontrakt spillt an desen 2 Wierker also eng ganz wichteg Roll, andems en argumenteiert, dass d'Menschen, sech bis dato am sougenannten Naturzoustand befannend, sech sollen zesummenschleissen, andem sie hier natierlesch Freiheeten, dei sie bis dohin hate, opginn zugonschten vun enger gesellschaftlerscher Uerdnung. Den sozialen Kontrakt ass also schlussendlesch eng komplett Entäusserung vun all Gesellschaftler mat all sengen Rechter un d’Gemeinschaft als Ganzt. Esou eng Gesellschaft stellt dann eng öffentlesch Persoun duer, eng sougenannt Polis. Dess Polis stellt en ontrennbart Ganzt duer, an der all Member sech verpflicht sech zum engem als “Glied” dem Inhaber vun der Staatsgewalt (Souverain) geigeniwwer den eenzelnen Gesellschaftler an zum aneren als “Glied” vum Staat geigeniwwer dem Souverain.[2]

19. an Ufank 20. Joerhonnert[änneren | Quelltext änneren]

Mam Ufank vum 19. Joerhonnert huet d'Interesse um Konzept vum sozialen Kontrakt stark nogelooss. Et waren Positivismus, Historismus an de Kulturrelativismus dei d'innergesellschaftlesch Interesse no normativen Froen zereckgedreckt hunn. Dat 20. Joerhonnert gëllt als Zeitalter vum Drang no wessenschaftleschem an logeschem Duerschbroch, wat den Opschwong vun der normativer politescher Philosophie verhennert huet.

Mett 20. Joerhonnert - haut[änneren | Quelltext änneren]

Ereischt an den 1970er Joren ass et an Europa zu enger sougenannter Renaissance vun den Kontraktstheorien komm, wat mat sech bruescht huet, dass vir d'Thematik vun der Sozialphilosophie, also vun den Grondprinzipien vun enger gerechter Gesellschaft, interesseiert gouf. Haptakteuren vun deser Bewegung waren den John Rawls, Robert Nozick an den James M. Buchmann. D'Theorie vum sozialen Kontrakt bleift bis haut praktresch konkurenzlos am Bestemmen vu gesellschaftleschen an wessenschaftleschen Froen. Den sozialen Kontrakt ass haut also quasi dei eenzeg kontraktstheoretsch Versioun dei et schafft an enger allgemeng iwwerzegender Art a Weis d'Grondsätz vum politeschen an sozialen Zesummeliewen ze bestemmen.[3]


 

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sport – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Penta Banking, Was ist ein Gesellschaftsvertrag und wozu dient er?. Gekuckt de(n) 2020-07-12.
  2. sevDesk, Gesellschaftsvertrag - Definition, Inhalt und Muster. Gekuckt de(n) 2020-07-12.
  3. Jean-Jacques Rousseau, Vom Gesellschaftsvertrag oder Prinzipien des Staatsrechts. Gekuckt de(n) 2020-07-12.