Benotzer Diskussioun:Nobambi

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Flot, datt s de eis fonnt hues. Fir datt dëse "Moyen souvill wéi méiglech benotzt gëtt", muss dat Ganzt jo opgebaut ginn. Da fuer mol duer. Wann s de nach iergendeng Fro hues, da looss se kommen. --Cornischong 15:37, 17 Juli 2006 (UTC)

Sali.

Ech hu mer den Artikel do iwwert d'Big Band Opus 87 ugekuckt... zwou Saachen:

1: Mir schreiwen hei op Lëtzebuergesch. 2: Biller brauchen eng Lizenz. Mir kënnen net einfach esou Biller vun hott an har heihinnersetzen, ouni den Affekot un der Dir ze hunn.

--βρισεισDisk 06:47, 28 Juli 2006 (UTC)

Moien. Bei der Sich spillt et eng Roll, ob s de kleng oder grouss schreifs. Wann s de "opus" agëss fir "Opus" ze fannen, da gëtt et problematesch. --Cornischong 08:33, 28 August 2006 (UTC)
Komesch Saachen. Ech hunn den Titel elo op "Opus 78" geréckelt. Mat "Opus" schéngt et wierklech net ze goen. --Cornischong 20:40, 28 August 2006 (UTC)

Lizenze vun de Biller[Quelltext änneren]

Gudden Owend.

Leider leider sinn ech nach net derzou komm fir déi Säit mat de geneeën Erklärunge ganz opzesetzen, wat Lizenzen ubelaangt. En attendant gëtt et da fir eis Folgendes:

Du selwer bass Auteur - Da kanns du d'Bild als GFDL fräiginn, wat bedeit datt jiddfereen däi Bild benotzen a veränneren däerf (den allgemenge Prinzip op der Wikipedia)

Du bass net den Auteur - D'Bild kënnt vun enger anerer Wikipedia -> dann iwwerhuele mer déi Lizenz déi si uginn hunn. - Et ass e Plakat oder änleches -> Da setze mer et an de Fair use (en amerikanescht Recht wat eis erlaabt, divers geschützte Wierker a klenger Opléisung zu puren Illustratiounszwecker ze notzen, well eis Servere jo an den USA stinn) - Et ass am Domaine public well et schonns iwwer 100 Joer al ass.

Ënnert wéienger Lizenz e Bild stoe kënnt, kanns de scho beim Eroplueden an engem Menu auswielen. Nodréiglech bäisetze geet natierlech och, so mir do einfach Bescheed, ech këmmere mech drëms, bis ech fäerdeg sinn mat der offizieller "Biller-Erkläerungssäit" :-)

--βρισεισDisk 16:30, 3 September 2006 (UTC)

Lizenz II[Quelltext änneren]

An deem Fall ging ech se Fair use setzen, well se engem gehéieren an deementspriechend eigentlech geschützt sinn, an derbäi schreiwen, datt eben den "Inhaber" vun den Droits d'auteur d'Big Band ass, déi an dësem Kader hiren Accord ginn huet. --βρισεισDisk 16:40, 3 September 2006 (UTC)

Fanfare Feelen[Quelltext änneren]

Ech hu mer den Artikel zu der Fanfare Feelen emol méi genee ugekuckt, a wollt dech just kuerz op e puer Saachen hiweisen, op déi een op der Wikipedia oppasse sollt (Mea culpa, ech sinn nach ëmmer net fäerdeg mat de ganzen "Hëllef-Säiten", hätt den Dag dach nëmmen 48 Stonnen :))

  • Mir fänken all Artikel op der Wikipedia mat engem "Introductiounssaz" unn, dee kuerz erkläert ëm wat et geet. Den Titel vum Artikel maache mer fettgedréckt.
  • Mir setzen an engem Artikel Linken, fir op aner Säiten hinzeweisen, sief dëst op en Datum, en Evenement oder eng Persoun. Dat ass usech d'Bliederen an enger elektronescher Enzyklopedie.
  • Mir schreiwen neutral, wéi wa mir näischt dermat ze dinn hätten, a loossen och zevill perséinlech Kommentaren ewech.
    • Sätz wéi "Eis Musek", "Eise Chef", "Eis Schüler" sollen et net ginn. Da schreiwe mer éischter "D'Feelener Musek", "De Chef vun der Feelener Musek" oder "D'Schüler vun der Feelener Musek".
    • Och extrem subjektiv Betruechtunge wéi "D’Liewen an eiser Musek geet virun. De Veräin muss et viru verstoen, sech de Launen a Situatioune vun eiser Zäit unzepassen an der Jugend eng Chance bidden. Dat ass hir sozial Missioun." ginn usech aus den Artikelen erausgeholl, well si elo usech keng enzyklopädesch Informatioun zum Artikel bäidroen.

E puer Rotschléi fir den Ufank kanns de op Éischt Schrëtt fannen. Well awer och do nach net alles komplett ass, zéck net, engem vun eis anere Wikipedianer einfach eng Fro ze stellen wanns de e Problem hues. An der Tëschenzäit kucken ech mol datt mer déi ganz Hëllef- an Erkläerungssäiten zum Funktionnement zesummekréien :-) --βρισεισDisk 03:18, 4 September 2006 (UTC)

Agatha Christie[Quelltext änneren]

Kuck emol do Agatha Christie Les Meloures 12:09, 13 September 2006 (UTC)

Dësen Artikel (Mighty Druids) entsprécht net de Wikipedia-Kritere fir en enzyklopedeschen Artikel. Dëst kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipedia-Artikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.