Op den Inhalt sprangen

Bernard Arens

Vu Wikipedia
Bernard Arens
Gebuer 24. Juli 1873
Housen
Gestuerwen 1. Februar 1954
Köln
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller, kathouleschen Theolog

De Bernard Arens, gebuer de 24. Juli 1873 zu Housen, a gestuerwen den 1. Februar 1954 zu Köln, war e lëtzebuergesche kathouleschen Theolog an Auteur.

De Bernard Arens war Member vum Jesuittenuerden. Hien huet zu Feldkirch an Éisträich an op der Theologescher Fakultéit vu Valkenburg an Holland als Enseignant geschafft. Säi Fachgebitt war d'Missiounswëssenschaft (Missiologie). Vun 1912 bis 1916 a vun 1925 bis 1933 huet en d'Zäitschrëft "Die katholischen Missionen" geleet, déi vum "Päpstlichen Werk der Glaubensverbreitung" erausgi gouf. Nieft enger Rei vun theologesche Fachaarbechten huet en och Wierker iwwer Theemen aus der kathoulescher Missiounsgeschicht verëffentlecht an en huet Iwwersetzungen aus dem Franséischen an d'Däitsch gemaach.

  • Das Leben der jungfräulichen Gottesmutter in Bildern, Wien 1898
  • Kränze um's Mutterhaupt, Paderborn 1902
  • Licht und Schatten, Stuttgart [u.a.] 1902
  • Der große Tag, Einsiedeln [u.a.] 1905
  • Die selige Julie Billiart, Stifterin der Genossenschaft Unserer Lieben Frau, und ihr Werk, Freiburg i.Br. 1908
  • Die Lektüre, Freiburg im Breisgau 1911
  • Der Sohn des Mufti, Freiburg i.Br. 1911
  • Des Schwarzrocks letzter Sieg, Freiburg i.Br. 1913
  • Die Mission im Festsaale, Freiburg i.Br. 1917
  • Gebete für Missionsandachten, Freiburg i.Br. 1918
  • Das katholische Zeitungswesen in Ostasien und Ozeanien, Aachen 1918
  • Die Mission im Familien- und Gemeindeleben, Freiburg im Breisgau 1918
  • Papst Pius X. und die Weltmission, Aachen 1919
  • Das Buch, Freiburg i.Br. 1920
  • Handbuch der katholischen Missionen, Freiburg 1920
  • Die katholischen Missionsvereine, Freiburg i.Br. 1922
  • Jesuitenorden und Weltmission, Regensburg 1937

Editeursaarbechten

[änneren | Quelltext änneren]
  • Pius Graf des Enffans d'Avernas, Graz 1902
  • Zum Jubelfest des Heiligen Johannes Berchmans, Aachen 1921

Iwwersetzungen

[änneren | Quelltext änneren]