Beta Doradus
Ausgesinn
| β Doradus | |
| Stärebild: | Dorado (Dor) |
| Daten | |
|---|---|
| Equinoxe | J2000.0 |
| Rektaszensioun | 05h 33m 37,518s [1] |
| Deklinatioun | - 62° 29' 23,37" |
| visuell Magnitude | 3,46 bis 4,08 mag[1] |
| Spektralklass: | F4 Iab bis G4 Iab[1] |
| verännerleche Stärtyp Delta Cephei | |
| Astrometrie | |
| Radialvitess: | (+7,2 ± 0,7) km/s[2] |
| Parallax | (3,24 ± 0,36) mas |
| Distanz | zirka 1000 Lj. |
| Absolut Hellegkeet | ? mag |
| Physikalesch Eegenschaften | |
| Mass: | 6,5 M☉ |
| Radius: | 50 R☉ |
| Liichtkraaft: | 3000 L☉ |
| Uewerflächentemperatur | ? K |
| Aner Bezeechnungen | |
| Bayer-Bezeechnung | β Doradus |
| "Córdoba-Duerchmusterung" | CD −62° 214 |
| Bright Star Catalogue | HR 1922 |
| Henry-Draper-Katalog | HD 37350 |
| Hipparcos-Katalog | HIP 26069 |
| SAO-Katalog | SAO 249311 |
| Tycho-Katalog | TYC 8883/1641/1 |
| Weider Katalogen | FK5 212 |
De Beta Doradus (kuerz β Dor) ass den zweethellste Stär um südlechen Nuetshimmel am Stärebild Dorado.
De Stär zielt zu den hellsten Cepheiden-Verännerlechen um Nuetshimmel. De Stär läit ronn 1000 Liichtjoer vun eis ewech. Et ass e gielen Iwwerris a seng Hellegkeet flattert mat enger Period vun 9,8426 Deeg tëscht 3,46 mag an 4,08 mag.