Beweegungskompensatioun

Vu Wikipedia

Als Beweegungskompensatioun ginn an der Fotogrammetrie an an der technescher Fotografie d'Kompensatioun vun de Beweegunge verstanen, déi déi opgehollen Objeten (resp. déi wichtegst dovun) zesummen hunn. Bei fotografesche Biller kann dat zum Beispill duerch entspriechend Schwenkunge vun der Kamera oder vun enger beweeglecher Rumm um Filmniveau geschéien, bei Digitalkameraen och duerno duerch Methode vun der Bildveraarbechtung.

Déi eelst (an einfachst) vun deene Methoden ass d'equatorial oder parallaktesch Montéierung vun astronomeschen Teleskope resp. vun Astrographen. D'Noféierung geschitt duerch e luest Dréie vum optesche System ëm eng Achs déi op den Himmelspol geriicht ass.

An der Satellittegeodesie gëtt änleches zanter den 1960er mat méiachsege Montéierunge gemaach. (kuckt och Baker-Nunn-Kamera).

Nei Technike vun der Beweegungskompensatioun realiséieren d'Noféierung och duerch programméiert Noféierung vun der Filmbün resp. vum CCD-Sensor – kuckt och Optesche Floss.

An der Loftbildfotografie gëtt d'Beweegungskompensatioun och FMC (Forward Motion Compensation) genannt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie