Op den Inhalt sprangen

Big Band Memory

Vu Wikipedia
Big Band Memory

D'Big Band Memory, gekierzt BBM, ass eng lëtzebuergesch Bigband, déi den 21. Januar 1990 ënnert dem Numm Music-Band SPGL, gegrënnt gouf. D'Music-Band SPGL war d'Bigband vun der lëtzebuergescher Gendarmerie. Si ass de 14. Abrëll 2000 bei der Fusioun vu Gendarmerie a Police an d'Big Band Memory iwwergaangen[1].

Déi haiteg Formatioun besteet aus 24 Museker a follgenden Instrumenter: Saxophonen, Trompetten, Posaunen, Piano, E-Gittar, Bass, Batterie, Perkussioun.

Nieft speziellen Arrangementer spillt d'Big Band Memory virun allem Klassiker, déi d'Bigbandmusek bekannt gemaach hunn, wéi James Last, Glenn Miller, Perez Prado, Lionel Hampton, Duke Ellington, Henry Mancini, Bert Kaempfert, Walter Dobschinsky, Benny Goodman, Count Basie, Cole Porter an Harry James. Do dernieft spillt d'Bigband och Funk, Latin, Blues oder Rock.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Statute vum Veräin