Bingu wa Mutharika

Vu Wikipedia
Bingu wa Mutharika
Gebuer 24. Februar 1934
Gestuerwen 5. Abrëll 2012
Lilongwe
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Malawi
Aktivitéit Ekonomist, Politiker
Famill
Geschwëster Peter Mutharika

De Bingu wa Mutharika, gebuer de 24. Februar 1934 zu Thyolo als Ryson Webster Thom, a gestuerwen de 5. Abrëll 2012 zu Lilongwe, war e malawesche Politiker a vun 2004 bis zu sengem Doud Staatspresident vu sengem Land.

De Mutharika, Jong vun engem Schoulmeeschter, huet op der University of Delhi Ekonomie studéiert.

No sengem Ofschloss goung hie bis 1978 an de malawesche Staatsdéngscht a fir d'Regierung vu Sambia schaffen. Duerno huet hie fir d'Vereenten Nationen, geschaff, wou en Direkter fir Handel an Entwécklungsfinanzéierung fir Afrika gouf.

Wéi den deemolege President Hastings Kamuzu Banda aner Parteien huet missen zouloosssn, huet de Mutharika d'United Democratic Front (UDF) matgegrënnt, déi 1994 d'Parlamentswale gewonnen huet.

1997 huet hie sech wéinst Meenungsverschiddenheete mam Parteipresident Bakili Muluzi vun der Partei gerennt a seng eege Partei, d'United Party (UP) gegrënnt. Well e mat dëser d'Presidentewale vun 1999 net konnt gewannen, huet hie se duerno opgeléist a sech nees der UDF ugeschloss. 2002 gouf hie Minister fir ekonomesch Planifikatioun an Entwécklung.

De 24. Mee 2004 huet hien d'Presidentschaftswale gewonnen, och wa bei de Walen zum Deel gefuddelt gouf. Och bei der Presidentschaftswale vum 19. Mee 2009 huet de Mutharika gewonnen. Seng Partei, d'Democratic Progressive Party (DPP) huet dobäi d'absolut Majoritéit am Parlament kritt.[1]

Am Januar 2010 gouf hie fir ee Joer zum President vun der Afrikanescher Unioun gewielt.[2]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bingu wa Mutharika – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Malawi president wins re-election" BBC, 22. Mee 2009.
  2. "Krisen, Kriege und das Aus für den König", Standard.at, 31. Januar 2010