Bio-Agrar-Präis

Vu Wikipedia
De Landwirtschaftsminister Romain Schneider (2. v. l.) mat de Lauréate vum Bio-Agrar-Präis 2009 an der Receptioun vum Naturmusée

De Bio-Agrar-Präis gouf 2009 vum Landwirtschaftsminister Romain Schneider an d'Liewe geruff a gëtt un Organisatiounen oder Persoune verginn, déi besonnesch Verdéngschter an der biologescher Landwirtschaft opweises hunn. De Präis gëtt vum Landwirtschaftsministère mat 4.000 dotéiert. D'Iwwerreechung vun der éischter Editioun vum Präis war den 2. Dezember 2009 am Naturmusée.

Jury vum Präis[änneren | Quelltext änneren]

D'Jury besteet aus 10 Persounen, dorënner Vertrieder vu follgenden Institutiounen:

  • Landwirtschaftsministère
  • ASTA
  • Veräiner vun der biologescher Landwirtschaft
  • ...

Editioune vum Präis[änneren | Quelltext änneren]

  • 2009: Präis: De biologesche Bauerebetrib Charles Goedert vun Osper fir d'Produktioun vu Planzenueleg aus Gieleseemchen (Camelina sativa Crantz). Spezialmentioun: Bio-Wënzerbetrib Sunnen-Hoffmann vu Rëmerschen). Am Ganze goufen 8 Kandidaturen agereecht.