Bogoljubow-Indesch Verdeedegung

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Bogoljubow-Indesch)

{{Infobox Schacherëffnung

| Bild =

abcdefgh
8
a8 black rook
b8 black knight
c8 black bishop
d8 black queen
e8 black king
h8 black rook
a7 black pawn
b7 black pawn
c7 black pawn
d7 black pawn
f7 black pawn
g7 black pawn
h7 black pawn
e6 black pawn
f6 black knight
b4 black bishop
c4 white pawn
d4 white pawn
f3 white knight
a2 white pawn
b2 white pawn
e2 white pawn
f2 white pawn
g2 white pawn
h2 white pawn
a1 white rook
b1 white knight
c1 white bishop
d1 white queen
e1 white king
f1 white bishop
h1 white rook
8
77
66
55
44
33
22
11
abcdefgh

D'Bogoljubow-Indesch Verdeedegung ass eng Erëffnung vum Schachspill. Se zielt zu den Zouene Spiller an ass an den ECO-Coden ënner dem Schlëssel E11 klassifizéiert.

D'Bogoljubow-Indesch Verdeedegung fänkt mat de follgenden Zich un:

1. d4 Sf6
2. c4 e6
3. Sf3 Lb4+

D'Stellung no 1. d4 Sf6 2. c4 e6 ass dacks ze gesinn. Den traditionellen Zuch fir Wäiss ass hei 3. Sc3, mat der Menace duerch 4. e4 e grousse Bauerenzentrum ze bilden. Allerdéngs gëtt dacks 3. Sf3 gespillt fir der Nimzo-Indescher Verdeedegung aus dem Wee ze goen, déi no den Zich 3. Sc3 Lb4 entstoe géif. No 3. Sf3 spillt Schwaarz normalerweis 3.... b6 (d'Dammenindesch Verdeedegung) oder 3.... d5 (wat zum ofgeleenten Dammegambit féiert), mä amplaz kann en och 3.... Lb4+ spillen, d'Bogoljubow-Indesch Verdeedegung, benannt nom ukrainesch-däitsche Schachspiller Efim Bogoljubow. Dës Erëffnung ass net sou populär wéi d'Dammenindesch Verdeedegung, mä se gëtt op jiddwer Niveau geleeëntlech gespillt.

Varianten[änneren | Quelltext änneren]

Wäiss huet fënnef méiglech Zich fir dem Leeferschach ze begéinen, wouvun der awer nëmmen dräi als spillbar gëllen. De Kinnekssprénger mat 4. Sfd2 dertëscht ze setzen ass schlecht, well Wäiss doduerch Zäit verléiert an ouni Grond e gutt placéierte Sprénger an eng passiv Positioun bréngt. D'Damm mat 4. Dd2?? dertëscht ze setzen ass en offensichtleche Feeler, well Wäiss doduerch just Material verléiert. 4. Sc3 féiert duerch Zuchëmstellung zur Dräi-Sprénger-Variant vun der Nimzowitsch-Indescher Verdeedegung. Dofir sinn d'onofhängeg Haaptvariante 4. Ld2 an 4. Sbd2.

4. Ld2[änneren | Quelltext änneren]

  • 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sf3 Lb4+ 4. Ld2

4. Ld2 ass déi heefegst Variant. De Leefer op b4 ass elo ugegraff a Schwaarz muss eng Entscheedung treffen:

4.... De7
4.... a5
4.... c5
4.... Lxd2+
4.... Le7
  • Déi heefegst Äntwert ass 4.... De7, wouduerch de Leefer gedeckt an d'Decisioun, wat ze maachen ass, op méi spéit verluecht gëtt.
  • Den David Bronstein huet déi méi schaarf Alternativ 4.... a5 ausprobéiert, wouduerch um Dammefligel Raum gewonne gëtt, mä dat op Käschte vu strukturelle Schwächten.
  • Eng méi modern Variant ass 4.... c5. No 5. Lxb4 cxb4 sinn déi schwaarz Bauere verduebelt, an den c-Bauer huet sech vum Zentrum entfernt, mä de Bauer op b4 ka Wäiss och stéieren, well en dem Dammsprénger d'Feld c3 ewech hëlt. Deem ka Wäiss duerch 6. a3 entgéint wierken, wouduerch d'Baueren direkt ofgetosch ginn.
  • Déi einfachst Méiglechkeet ass et d'Leefere mat 4.... Lxd2+ ofzetauschen. Dës Variant ass net besonnesch populär, mä se gouf dacks vum schweedesche GM Ulf Andersson gespillt.
  • Et ass och méiglech de Leefer einfach duerch 4.... Le7 zeréckzezéien. Den Tempoverloscht ass an dësem Fall net sou schlëmm, well de wäisse Leefer op d2 net am aktiivste steet. Dës Variant ass zimmlech passiv, mä zolidd.

4. Sbd2[änneren | Quelltext änneren]

  • 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sf3 Lb4+ 4. Sbd2

4. Sbd2 ass eng Alternativ, déi dorop ofzielt, datt de Leefer entweeder géint de Sprénger getosch oder zum Réckzuch gezwonge gëtt. Den Nodeel ass, datt de Sprénger op e Feld entwéckelt gëtt, wou en de Leefer blockéiert, an d2 ass e manner aktiivt Feld wéi c3. Dës Variant gëtt am Gambit Guide als „éiergäizeg“ beschriwwen. Déi heefegst Äntwerte vu Schwaarz sinn:

4.... b6
4.... 0-0
4.... d5

Enzyklopedie vun de Schacherëffnungen[änneren | Quelltext änneren]

An der Enzyklopedie vun de Schacherëffnungen ass d'Bogoljubow-Indesch Verdeedegung ënner dem Schlëssel E11 klassifizéiert.

  • E11: 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sf3 Lb4+

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Steffen Pedersen: Gambit Guide to the Bogo-Indian. Gambit Publications Ltd, 1998, ISBN 1-90198-304-8

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]