Borne du Passeur

Vu Wikipedia
Borne du Passeur zu Péiteng

D'Borne du Passeur zu Péiteng ass e Monument zu Éiere vun de Passeuren a Filieristen aus dem Zweete Weltkrich.

Op Initiativ vun der Union nationale des passeurs et filiéristes luxembourgeois an dem Syndicat d'initiative vu Péiteng gouf e Monument opgeriicht an den 28. Mee 1961[1] a Presenz vum Groussherzog Jean ageweit.

Um Ufank stoung et do, wou d'Kierchstrooss an d'Kuerstrooss zesummekommen. 1996 gouf d'Borne um ale Kierfënt nieft der Péitenger Kierch opgestallt.

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Websäit vun der Gemeng Péiteng Gearchiveerd op 2014-02-03. Gekuckt de(n) 2011-02-13.