Op den Inhalt sprangen

Borne du Passeur

Vu Wikipedia
Borne du Passeur zu Péiteng

D'Borne du Passeur zu Péiteng ass e Monument zu Éiere vun de Passeuren a Filieristen aus dem Zweete Weltkrich.

Op Initiativ vun der Union nationale des passeurs et filiéristes luxembourgeois an dem Syndicat d'initiative vu Péiteng gouf e Monument opgeriicht an den 28. Mee 1961[1] a Presenz vum Groussherzog Jean ageweit.

Um Ufank stoung et do, wou d'Kierchstrooss an d'Kuerstrooss zesummekommen. 1996 gouf d'Borne um ale Kierfënt nieft der Péitenger Kierch opgestallt.

  1. Websäit vun der Gemeng Péiteng Archivéiert de(n) 2014-02-03. Gekuckt de(n) 2011-02-13.