Bréck vu Revin-Orzy
Ausgesinn
![]() | |
Geographie | |
---|---|
Land |
![]() |
Plaz | Revin |
Koordinaten | 49°56'7,59"N, 4°38'59,78"O |
Funktioun | |
Benotzt als |
Stroossebréck Departementale D1 |
Féiert iwwer | Meuse |
Technesch Detailer | |
Totallängt | 142 m |
Längt tëscht Widderlager | 120 m |
Felder/Béi | 1 |
Material | Eisebëtong |
Bemierkungen | |
Opgaangen | 1963 |
![]() |
D'Bréck vu Revin-Orzy ass eng Bréck iwwer d'Meuse, tëscht Revin an Orzy an de franséischen Ardennen.
D'Bréck gouf 1963 gebaut a se verbënnt d'Departementale D1 bei Orzy mat dem Garer Quartier vu Revin deen agekesselt an der südlecher Meuseschläif läit.
Et ass eng Boubréck aus arméiertem Bëtong an ass am Ganzen 142 m laang mat enger Haaptdrowäit vun 120 m. D'Verhältnes Drowäit:Héicht ass 12:1.
D'Konzeptioun vun der Bréck ass vum Claude Charles Marlier a se gouf vun der Entreprise Zublin et Perrière gebaut.
Nopeschkonstruktiounen um Canal de la Meuse sinn:
- De Kanaltunnel vu Revin.
- D'Schleis N°49 vun Orzy mam Nolewier.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Bouchet, André Le pont sur la Meuse entre Revin et Orzy, dans "La Technique des Travaux", mai 1964, n. 5-6 v. 40.
- Grattesat, Guy Ponts de France, Presses Ponts et chaussées, Paris (France), ISBN 2859780300, 1984; pp. 177.
- Marrey, Bernard Les ponts modernes - vingtième siècle, Picard Éditeur, Paris (France), ISBN 2708404849, 1995; pp. 158–160.
- Montens, Serge Les plus beaux ponts de France, Bonneton, Paris (France), ISBN 2862532754, 2001; pp. 141.