Brécy (Cher)

Vu Wikipedia
Brécy
Land Frankräich
Regioun Centre-Val de Loire
Departement Cher
Arrondissement Bourges
Kanton Saint-Germain-du-Puy
Postcode 18220
Gemengecode 18035
Koordinaten 47° 07’ 30’’ N
      02° 37’ 13’’ O
Fläch  3 963 ha
Bevëlkerung  844 (2010)
D'Märei

Brécy ass eng franséisch Gemeng am Departement Cher an der Regioun Centre. Brécy läit am Oste vu Bourges am Dall vum der Tripande, en Niewefloss vum Ouatier de sengersäits an d'Yèvre leeft.

Nopeschgemengen[änneren | Quelltext änneren]

Ernimmenswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Kierch Saint-Germain huet fréier de Stëftshäre vun den Augustiner gehéiert. Vum éischte Gebai aus dem 16. Joerhonnert sinn nëmmen d'Mauere vum Schëff an d'Südpaart erhale bliwwen. Den Klackentuerm an d'Abside goufen am 19. Joerhonnert gebaut. An der Nordmauer vum Schëff ass e Retabel mat faarwege Steng aus dem 15. Joerhonnert ze gesinn deen aus der Kapell Saint-Firmin kënnt.
  • Vun der Kapell Saint-Firmin ass nach just d'Plaz bekannt wou se stoung. Se stoung südlech vun der Strooss déi op Bourges féiert, op der dem Lieu-dit La charité a gouf uganks vum 20. Joerhonnert ewechgerappt. D'Grafsteng déi stoe gelooss goufen, sinn am Laf vun der Zäit lues a lues veschwonnen.
  • D'Schlass vu Brécy huet zanter 1256 bestanen. Déi vill Iwwerreschter vum Schlass déi een haut nach ka gesinn, stamen aus dem 14. respectiv aus aus dem 15. Joerhonnert.
D'Schlaassmauere waren an engem Rechteck gebaut an haten op der laanger Säit eng Längt vu ronn 100 Meter. Se waren an der Moyenne 1,80 m déck a 16 m héich, an et waren zwéin Tierm mat agebaut.
D'Hiefbréck mat der Schlasspaart war an der Nordmauer mat agebaut an de Buergfried stoung am südlechen Deel.
An der Héicht war d'Schlass op véier Stäck ogedeelt, wouvun déi zwéin ënnescht keng Fënsteren haten.
Ëm d'Schlass war en 30 m breede Waassergruef.
Ëm 17. Joerhonnert goufe Fënsteren agebaut, an déi zwéin iewescht Stäck ewechgerappt. Gläichzäiteg gouf d'Schlasskapell gebaut.
De Bau vum Schlass geet op d'Famill de Lignières zeréck. De Léiw am Wopen ass vun der Famill de Culan där hire bekanntste Member de Bernard de Bourges war. Ee vun de Bouwe vum Bernard soll der Legend no de Mäerder vun der helleger Solange gewiescht sinn.
D'Schlass war ëm 1660 a vill Hexeprozesser mat verwéckelt.
Duerno huet d'Schlass der Famill de Villers gegéiert éier et an d'Hänn vum Charles-Louis de Segondat de Montesquieu komm ass.
Haut ass d'Schlass nach ëmmer a Privathänn an d'Propriétairen, d'Famill Paszkiewicz setzt alles drun, fir et sou gutt wéi méiglech no den ale Pläng ze restauréieren.
  • Vun de ville Kapellen an der Géigend ass déi wichtegst d'Kapell vu Francheville vu 1751, déi den Tempelhäre vun der Commanderie des Borges gehéiert huet. D'Klack ass aus dem Tuerm veschwonnen. De véiereckegen Dafsteen aus Pierre de Celles steet haut an der Kierch vu Brécy.
Uertschaft virdrun
Villabon
Jakobswee

Via Lemovicensis
Uertschaft duerno
Sainte-Solange

Kuckt och[Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Brécy (Cher) – Biller, Videoen oder Audiodateien