Bricherhaff (Stad Lëtzebuerg)
Ausgesinn
Bricherhaff | |
---|---|
Aussprooch | |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Buergermeeschter | Lydie Polfer (DP) |
Koordinaten |
49° 37’ 40.2’’ N 06° 09’ 49.2’’ O |
Bricherhaff ass e fréiere Bauerenhaff an e Lieu-dit um Weimeschhaff an der Stad Lëtzebuerg.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Den Domaine vum fréiere Bricherhaff, en Terrain vun ongeféier 1,17 Hektar, läit tëscht der Rue des Muguets an dem Huesegrëndchen. Um südleche Bord laanscht den Terrain, verbënnt d'Bricher Gässel déi zwou Stroosse mateneen.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]De fréieren Haff ass haut d'Residenz vum hollänneschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg.
E prominente Bewunner vum Bricherhaff war vun 1953 bis 1955 de Jean Monnet, sengerzäit den éischte President vun der „Héijer Autoritéit“ (Haute Autorité de la Communauté européenne du charbon et de l'acier). 1986 gouf eng Gendenkplack bei der Agankspaart ubruecht[1].
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
D'Residenz vum hollänneschen Ambassadeur am fréiere Bricherhaff.
-
Erënnerungsplack un de Jean Monnet, deen hei gewunnt huet.
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Bricherhaff (Stad Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien |