Bring Me the Horizon

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Bring Me The Horizon)
Bring Me the Horizon
Museksgenre Pop-Rock, Alternative Metal
Land Vereenegt Kinnekräich
Grënnung 2004
Websäit https://www.bmthofficial.com/
Aktuell Memberen Oliver Sykes: Scream
Lee Malia] Lead-Gittar, Rhythmus-Gittar
Matt Kean: Bass-Gittar
Matt Nichols: Batterie
Jordan Fish: Keyboards, Programméieren, Perkussioun (zënter 2012)
Fréier Memberen Curtis Ward: Rhythmus-Gittar (2004–2009)
Jona Weinhofen: Rhythmus-Gittar & Gesank (2009–2013)

Bring Me the Horizon (kuerz BMTH) ass eng Metalcore-Grupp vu Sheffield an England.

Bandgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.

D'Band gouf 2004 vun de Membere vun verschiddene Bands aus der Regioun ëm Sheffield gegrënnt. Am selwechte Joer koum hir éischt EP This Is What the Egde of Your Seat Was Made For eraus. Zwee Joer drop hu se hiren Debüt-Album Count Your Blessings opgeholl an op de Maart bruecht.

Ufanks 2008 ware se a Schweden fir hiren zweete Studiosalbum opzehuelen. Deen ass am September 2008 ënner dem Numm Suicide Season erauskomm. Am Géigesaz zu Count Your Blessings, wat e rengen Deathcore-Album war, ass dësen Album éischter dem Genre Metalcore zouzeschreiwen.

No e puer erfollegräichen Tournéeën duerch Amerika an duerch Europa, huet de Gittarist Curtis Ward d'Grupp am Mäerz 2009 verlooss, well hien den neie Genre vun der Band net gär hat. 3 Méint drop gouf den Jona Weinhofen als neie Gittarist ugekënnegt. Am November hu se de Remix-Album Suicide Season: Cut Up! erausbruecht, op där e Remix vun de Lidder vum Album Suicide Season ass. Dofir hu se mat bekannte Produzenten an DJ'e wéi dem Skrillex, Utah Saint oder dem Shawn Crahan zesummegeschafft.

Am November 2010 huet BMTH hiren drëtte Studiosalbum There Is a Hell, Believe Me, I've Seen It, There Is a Heaven, Let's Keep It a Secret verëffentlecht. Den Numm vum Album ass op den Text vum Lidd Visions zeréckzeféieren. Opwuel den Album nëmmen 3.600-mol verkaaft gouf, koum en op d'Plaz 1 an den australeschen Album-Charts an d'Band gouf mat engem Kerrang! Award fir de beschten Album belount.

D'Grupp zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Bring Me the Horizon - Rock im Park 2016

Bring Me the Horizon hu bis elo zweemol zu Lëtzebuerg gespillt: Den 19. Januar 2011 am Atelier[1] an den 1. Dezember 2011 an der Rockhal am Kader vun der Eight Plague Tour[2]. 2016 war e weidere Concert am Aterlier geplangt, deen awer wéinst Verkéiersproblemer an der Belsch ofggesot gouf.[3]

Diskografie[änneren | Quelltext änneren]

Albumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2006: Count Your Blessings
  • 2008: Suicide Season
  • 2009: Suicide Season Cut Up! (Remix-Album)
  • 2010: There Is a Hell, Believe Me, I've Seen It, There Is a Heaven, Let's Keep It a Secret
  • 2013: Sempiternal
  • 2015: Live at Wembley (Live-Album)
  • 2015: That's the Spirit
  • 2016: Live at the Royal Albert Hall (Live-Album)
  • 2019: Amo

EPen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2004: This Is What the Edge of Your Seat Was Made For
  • 2012: The Chill Out Sessions (mat Draper)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bring Me the Horizon – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Archive copy Gearchiveerd op 2013-10-15. Gekuckt de(n) 2012-06-24.
  2. Archive copy Gearchiveerd op 2013-10-15. Gekuckt de(n) 2012-06-24.
  3. tageblatt.lu: Bring-Me-The-Horizon- Konzert abgesagt vum Steve Rommes (8. Abrëll 2016)