Briséis

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Briseis)
Briséis a Phoinix (routfigureg Kylix, ëm 490 v. Chr., Louvre, G 152)

D'Briséis (gr. Βρισηΐς / Brisêis), eng Figur aus dem Homer senger Ilias, war d'Duechter vum Briseus an d'Fra vum Kinnek Mynes. Bei der Eruewerung vu Lyrnessos, der Stad vum Mynes, sinn dem Briséis hire Mann an hir dräi Bridder ëmbruecht ginn. Si selwer gouf gefaange geholl an ass dem Achilleus als Sklavin a Konkubinn zougeschwat ginn.

De Generol Agamemnon huet awer dem Achilleus seng Liblingssklavin Briséis ewechgeholl, wéi e seng eege Sklavin, d'Chryseis, wéinst engem Orakelsproch a fir weider Fäiler vum Apollo ofzewieren, huet missen un hire Papp zeréckginn.

Aus Roserei iwwer déi Dot huet den Achilleus sech aus dem Kampf ëm Troja zeréckgezunn. Well dat awer eng entscheedend Schwächung vun de griicheschen Truppe bedeit huet, huet den Agamemmnon sech schliisslech bereeterkläert d'Briséis zeréckzeginn, zesumme mat dem Eed, net mat hir geschlof ze hunn. Awer eréischt nodeem säi Frënd Patroklos vum Hektor ëmbruecht ginn ass, huet den Achilleus de Kampf erëm opgeholl.

Dem Briséis säin eigentlechen Numm war Hippodameia; Briséis ass hire Patronym.

Nom Briséis ass en Asteroid, deen de 4. November 1907 vum Joel Hastings Metcalf zu Taunton entdeckt gouf, benannt ginn.

Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Briséis – Biller, Videoen oder Audiodateien