Camille Montaigu

Vu Wikipedia
Camille Montaigu
Gebuer 26. Dezember 1934
Fameck
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Journalist

De Camille Montaigu (Germain), * 26. Dezember 1934 zu Fameck (Frankräich), ass e franséische Journalist, deen als Redakter (1958-1974) an Direkter (1974-1994) vun der lëtzebuergescher Editioun vum Républicain Lorrain vill zum Opschwong vun dëser Zeitung zu Lëtzebuerg bäigedroen huet.

De Camille Montaigu ass opgefall duerch en neie Stil, deen dora bestanen huet, dat hien net op offiziell Matdeelunge gewaart huet, mä dynamesch virun de Won gelaf ass a villes recherchéiert huet, ëmmer bestrieft, Neiegkeeten als éischten ze bréngen. Och no senger Pensioun lieft hie weider zu Munneref an ass als begeeschterte Sportpilot zanter 1995 President vun der Amicale des Vieilles Tiges de l'Aviation luxembourgeoise (AVTAL).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]