Le Républicain Lorrain

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Républicain Lorrain)

Le Républicain Lorrain ass eng franséischsproocheg loutrengesch Dageszeitung, déi op Franséisch zanter dem September 1936 zu Metz erauskënnt (och sonndes). Gegrënnt ginn ass se 1919 op Däitsch ënner dem Titel Metzer freies Journal.

Et gëtt eng Rëtsch Lokaleditiounen; 2000 waren dat der 12. Tëscht dem 15. September 1961 an dem 13. November 2001 gouf et och eng Lokaleditioun fir Lëtzebuerg. Se bestoung aus gewéinlech 6 Säite Lokales (inklusiv der Titelsäit) an e puer Säite Sport aus dem Grand-Duché, déi an der iwwerregionaler Editioun "agebaut" waren. Dës Säite goufe vun enger Redaktioun zu Lëtzebuerg geschriwwen. Well de Répu, wéi e genannt gouf, déi eenzeg Dageszeitung war, déi net mat enger politescher Partei a Verbindung stoung, waren hei alt Saachen dran ze liesen, iwwer déi an der Lëtzebuerger Press näischt (oder net vill) ze fanne war. De Camille Montaigu war 1974-1994 Direkter vun der Lëtzebuerger Editioun.

Eng Zäitche koum de Répu zu Lëtzebuerg och op Däitsch ënner dem Numm France-Journal eraus.

Den 13. November 2001 ass déi lescht Nummer vun der Lëtzebuerger Editioun erazuskoum, fir Plaz ze maache fir de Quotidien, dee vum 14. November 2001 u vum Verlag vum Répu zesumme mat der Editpress erausgi gëtt.

Wiem d'Zeitung gehéiert[änneren | Quelltext änneren]

Vun Ufank un huet de Républicain Lorrain der Famill Puhl-Demange gehéiert. Am Abrëll 2007 huet d'Famill sech komplett aus der Zeitung zeréckgezunn, an d'Privatkonnebank Crédit Mutuel Centre-Est Europe huet d'Zeitung, där hir Oplo ronderëm 150.000 ass, iwwerholl. De Präis soll der Noriichtenagence AFP no eng 100 Milliounen Euro gewiescht sinn. Zu der Zeitung selwer gehéieren nach eng Dréckerei zu Metz a 50% vun der lëtzebuergescher Lumedia S.A., déi d'franséischsproocheg Dageszeitung Le Quotidien publizéiert, déi zu Esch-Uelzecht bei Editpress gedréckt gëtt. Vum 13. Abrëll 2007 un dréit de Républicain den neien Impressum.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]