Fameck

Vu Wikipedia
Fameck

Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Moselle
Arrondissement Thionville
Kanton Fameck
Postcode 57290
Gemengecode 57206
Koordinaten 49° 18’ 00’’ N
      06° 07’ 00’’ O
Fläch  1.245 ha
Bevëlkerung  12.441 (2006)

Fameck ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Moselle an der Regioun Grand Est.

Uertschaften an der Gemeng

D'Gemeng Fameck besteet aus 5 Uertschaften: Rémelange - Budange - Edange - Morlange - Fameck.

D'Nimm vun dësen Dierfer gi schonn tëscht 855 an 1157 ernimmt. Den Numm Fameck kënnt vu Falmacres e gallo-réimeschen Numm. Ëm 1744 gëtt Fameck sou genannt wéi et och elo nach heescht. D'Gemeng gouf no 1789 aus de fënnef Uertschaften zesummegesat a si louch deemools op Grenz tëscht dem Barrois, Lëtzebuerg an der Regioun Grand Est.

D'Géigend ëm Fameck war haaptsächlech duerch Landwirtschaft gezeechent, bis no 1870 d'Eisenindustrie sech am Fenschdall ënner der Impuls vun der Famill De Wendel installéiert huet.

Kuckt och[Quelltext änneren]


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

(fr)Festival vum arabesche Film zu Fameck